D'Majoritéit vun de Befroten ass dann der Meenung, datt de Syvicol bei Gesetzesprojeten iwwert d'Gemenge misst ëm seng Meenung gefrot ginn.

An de Méint Juni a Juli hunn d'Meenungsfuerscher vu Quest e Sondage bei den 1.120 Gewielten aus de Gemenge gemaach, fir gewuer ze ginn, wat si vun der Aarbecht vum Syvicol halen.

An der Mëttesstonn goufen an der Märei um Knuedler d'Konklusiounen aus de 412 Äntwerte gezunn, déi erakoumen, wat enger Participatioun vun net grad 37 Prozent entsprécht. E puer vun deenen Äntwerte sinn dach awer iwwerraschend.

Ëmfro iwwert de Syvicol / Reportage Eric Ewald

Sou huet de Carlo Kissen, Direkter vu Quest zum Beispill ervirgehuewen, dass zwar wuel dräi Véierel vun de Befrote soten, si wäre mëttelméisseg bis ganz gutt informéiert, mä op där anerer Säit hu mer och ee Véierel, dee sech net gutt informéiert fillt oder guer net informéiert fillt! Do gesäit een, do ass nach e bësse Loft no uewen!“

E bëssen erstaunlech ass och d'Haaptinformatiounsquell vun de Gewielten: „Déi klassesch Medien, also Artikelen a Reportagen an der Press, mat 68% vun den Éluen!“

Fir 83% vun de Befrote sinn d'Informatiounen, déi de Syndikat vun de Stied a Gemenge selwer weidergëtt, kloer a verständlech, sou de Carlo Kissen, fir deen de Syvicol dann och als kommunikativ Organisatioun wouergeholl gëtt. Et gëtt e groussen Intressi vun de Gewielten u Formatiounen an un enger elektronescher Plattform fir en Austausch vu sougenannte „best practices“ tëscht de Gemengen. D'Haaptmissioun vum Syndikat ass an den Ae vun de Gewielte kloer:

„Ganz uewe steet, dass de Syvicol am Prinzip do ass, fir d'Interête vun de Gemengen ze verdeedege par Rapport zu den Instances nationales, also Regierung a Ministèren!“

An Zukunft da sollt de Syvicol, sou wéi an der Covid-Kris, verschidden Aktioune vun de Gemenge koordinéieren. D'Hitparad vun den Defien, déi de Syndikat misst ugoen, ass iwwerdeems déi heiten:

„Ganz uewe steet de Logement, suivéiert vun der Mobilitéit, d'Simplification administrative, eisen Defi am Environnement oder am Amenagement an och dat wichtegt Thema vun de kommunale Finanzen.“

Doriwwer eraus wëllen 91 Prozent vun de Befrote systematesch an obligatoresch consultéiert gi bei Gesetzprojeten oder Reglementer.

Op d'Fro, ob d'Participatioun um Sondage fir de Syvicol net awer e bëssen enttäuschend ass, war et dës Äntwert vum President Émile Eicher:

„Neen, mir fannen dat eigentlech net enttäuschend, well wann een Drëttel äntwert, dat seet awer scho ganz vill aus iwwert d'Denke vun den Éluen!“

An dat géif virun allem weisen, dass et um direkte Kontakt feele géif. De Problem vun der Kommunikatioun gëtt och als Erklärung dofir gesinn, dass sech ee Véierel vun de Befrote guer net bis wéineg informéiert fillen iwwert d'Reflexiounen an d'Aarbechte vum Syndikat vun de Stied a Gemengen. Dee wär an der Vergaangenheet absënns do gewiescht fir den Interêt vun de Gemengen an hätt keng proaktiv Roll gespillt:

„De Covid huet ganz villes geännert, mengen ech! Mir hu lo gemierkt, dass d'Gemenge wierklech gär hätten, dass mer vill méi direkt sollen hëllefen, en direkten Austausch hunn, vill méi pragmatesch eng Hand upaken, bei d'Gemenge goen, mat hinnen diskutéieren, a wann ech soe Gemengen, net nëmme bei de Buergermeeschter; dann heescht dat och bei d'Éluen!“