De Premier Xavier Bettel huet konkret Mesuren annoncéiert, déi ee ka begréissen. Och wann déi, déi sech méi radikal Mesuren erwaart hätten, wäerten enttäuscht sinn.

Analys "Etat de la Nation" vum François Aulner

D‘Ried vum Premier war vill méi laang wéi d’lescht Joer. Et war vill Konkretes dran an och nei Mesuren. Näischt awer, wat eng Rout Linn fir eng vun den 3 Regierungsparteie wier. Natierlech huet de Covid sech ewéi ee roude Fuedem duerch d’Ried gezunn. D’Ried war zur sanitärer Lag an zur ekonomescher Lag wéinst der sanitärer Kris. Et war awer och eng Ried vu Mi-Mandat, 3 Joer virun den nächste Walen. De Premier huet Elementer aus dem Koalitiounsprogramm erwäänt, déi näischt mam Covid ze dinn hunn, ewéi zum Beispill de Klimaschutz.

De Premier hat wéi et schéngt 3 Objektiver: en Opruff zur Virsiicht wéinst dem Covid, ee Message vun Hoffnung an eng Perspektiv fir d’Zukunft.

Zum éischte Punkt: wéinst der Hausse vun den Neiinfektiounen wier een alarméiert, mä net schockéiert. Nei legal Restriktioune wieren net aktuell, mä net auszeschléissen. Dowéinst war seng Konklusioun vun der Ried en Appell zur Virsiicht.

Zweetens wollt de Premier wéi gesot Hoffnung maachen: am Dezember scho kéint en Impfstoff zur Verfügung stoen. D’EU hätt mat engem Fournisseur eng Prozedur ofgeschloss, quitt, datt de Vaccin am Ufank just a limitéierter Stéckzuel disponibel wier an dee Moment eng länger Phas eréischt géing ufänken.

Drëttens wollt de Xavier Bettel weider Perspektive virzeechnen, ëmmer awer am Respekt vun de Sensibilitéite vun DP, LSAP an déi Gréng. D’Investissementer ginn trotz Kris an d’Luucht, notamment am Enseignement, an der Mobilitéit an am Logement. Et ginn och 1.000 zousätzlech Staatsbeamten d’nächst Joer agestallt, Mesurë géint de Jugendchômage gi verbessert an d’Hëllef fir Betriber, déi wéinst Corona-Restriktioune leiden, kréien och déi speziell Hëllef bis an d’nächst Joer eran. Eng wichteg Annonce nach: de spezielle Regime vu Chômage partiel wéinst dem Covid gëtt iwwert den 1. Januar 2021 eraus verlängert.

Et gouf also Konkretes, och a Punkto Steieren. Mä net villes, wat net schonn ugekënnegt war oder am Koalitiounsaccord steet. D’Ailleurs op kee Fall nei Steieren, déi net am Koalitiounsaccord virgesi waren. Well déi lescht Wochen a Méint ware jo Divergenzen a Steierfroen tëscht DP, LSAP an déi Gréng opkomm. De Premier sot kloer: de Koalitiounsaccord bleift valid an et komme keng nei Steieren.

Am Koalitiounsaccord waren awer eng Rei Steiermesurë virgesinn. Et gouf och an der Lescht vill iwwert d’Abuse mat den Immobiliëfongen, de sougenannte Sicav Fisen geschwat: de Premier huet elo d’Kaz aus dem Sak gelooss: Geschäfter vu Fonge mat Lëtzebuerger Immobilie gi vum 1. Januar u mat 20% besteiert. Donieft goufen d’ominéis Stock Options a Warrants ëmmer erëm kritiséiert: déi ginn elo och d'nächst Joer ofgeschaaft. Amplaz gëtt eng Prime participative agefouert fir Salariéen, déi um Benefice vun enger Firma bedeelegt sinn, an eng aner Primm fir Expats adaptéiert.

Et geet drëm, d’Land attraktiv ze halen. Dann nach eng Ännerung, déi awer net am Accord steet an zwar mat den Amortissements accélérés: bei Immobilien, déi nom 31. Dezember kaf ginn, kann een net méi 6, mä just 5% ofsetzen an dat net op 6 Joer, mä 5 Joer (4% wann de Bien méi wéi 1 Millioun Wäert ass). Et wéilt een ausbremsen, well dat Instrument hätt d’Demande gestäerkt an deemno säin Zil verfeelt. De Premier huet weider bäigefüügt, datt d’Praxis vu „share deals“ bei deenen et drëm geet, Gebaier net direkt, mä steierbegënschtegt iwwer Gesellschaften ze kafen a verkafen, méi „onattraktiv“ gemaach gëtt. Donieft gëtt bei de Sociétés de Patrimoine Familial, sougenannt SPF, explizitt verbueden iwwert aner Gesellschaften indirekt Immobilien ze halen.

Eng Steier, déi awer nach virgesi war, ass d’CO2-Steier, déi kënnt och den 1. Januar. Mä et huet ee vun de Gilets Jaunes geléiert: et gi Kompensatiounsmesuren.

Dem Premier seng Ried war besser ewéi soss. Se war op der Héicht vun den Erwaardungen, well zu 3 regéieren, setzt Kompromësser viraus. Jo, déi, déi sech méi radikal Changementer wënschen – zum Beispill a Punkto Klima oder Gerechtegkeet - wäerte weiderhin enttäuscht sinn. Genee ewéi déi, déi sech op e puer Punkte méi Detailer erhofft hätten. Och an enger Stonn a 45 Minutten ass de Premier zum Beispill net op déi agaangen, déi keng Hëllef vum Staat kruten a sech ongerecht behandelt fillen. Wat d‘steierlech Mesuren am Beräich Immobilien ugeet och do feelt et nach un Detailer, déi wuel de Finanzminister e Mëttwoch wäert ginn. Déi Mesurë sinn ze begréissen, mä et kann een duerchaus drun zweiwelen, datt d’Immobiliëpräisser elo manner extrem klammen an de Problem am Logement geléist wier.

Dem Premier seng Ried war wéi gewinnt virun allem mat Positivismus gepräägt, wann och villäicht e bësse manner wéi soss. Mä wien erwaart sech vum Premier, datt e seng eege Politik a Krisegestioun an enger Ried kritesch hannerfreet? Dowéinst, wéi gesot, eng Ried op der Héicht vun den Erwaardungen. Eng besser Ried wéi soss.