Virun 3 Joer huet en als klenge Pop-up Restaurant ugefaangen, elo ass de Chiche! mat iwwer 40 Mataarbechter de national gréissten Employeur fir Refugiéen.

"Chiche!" - Esou seet een am franséische fir een erauszefuerderen, sech eppes ze trauen. E ganz passenden Numm also fir de libanesesche Restaurant, dee viru bal 3 Joer als klenge Pop-Up zu Hollerech ugefaangen huet.

Hiert Konzept: Ganz ouni staatlech Subventiounen, quasi exklusiv, mat non-professionelle Refugiéen ze schaffen. Mëttlerweil ass de Restaurant mat iwwer 40 Mataarbechter de gréissten Employeur fir Refugiéen hei am Land an nach laang net fäerdeg mat expandéieren.

Hiren nächste Projet soll d’nächst Joer zu Leideleng opmaachen - der aktueller Situatioun zum Trotz. E Portrait iwwert e Restaurant, dee sech als politesche Statement versteet.