LSAP an DP gewannen, ma virop d'CSV an Déi Gréng loosse Plommen
D'Regierung kéint op eng komfortabel Majoritéit an der Chamber hoffen par Rapport, wann e Sonndeg géing gewielt ginn.
De leschte Politmonitor vun TNS-Ilres, am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort, huet nämlech erginn, dass d'Majoritéitsparteien zesummen 3 Sëtz méi am Parlament géife gewannen, wéi bei de leschte Walen. An dat well déi gréissten Oppositiounspartei, d'CSV, ëmmer nach weider u Stëmme verléiert.

Am November lescht Joer, also nach virun der Coronavirus-Pandemie, hunn nach ronn 30 Prozent vun de Leit, déi uechter d'Land gefrot goufen, uginn, fir d'CSV ze stëmmen, sollten dee Moment Walen sinn. Am November dëst Joer sinn dat ganzer 4,4 Prozent manner. Eleng bannent de leschte 6 Méint, also zanter Juni dëst Joer, huet d'CSV bal 2 Prozent u Stëmme verluer.

Den Direkter vun der TNS Ilres Luc Biever:
„Mir hunn déi gréissten Oppositiounspartei, déi wierklech schwächelt an elo net fir d'éischt. Zanter de Walen ass si an enger Aart Declin, dee sech virun allem de Moment nach méi staark an de Sëtz ausdréckt. Well wa mir elo reng vun de Prozenter kucken, dann ass dat, wat se verluer hunn zu de Walen nëmmen 3,2 Prozent. Dat ass elo net d'Welt. Wa mir awer kucken, wéi vill Sëtz se haten. Si hate bei de leschte Walen 21 Sëtz. Am Moment an der Stëmmung, kéimen si op 17.“
An déi Sëtz géife virop un d'Majoritéitsparteien LSAP an DP goen, ma och d'ADR géif 1 Sëtz derbäi gewannen.
Verléiere géifen nieft der CSV awer och déi Gréng. D'Ënnerstëtzung fir déi Gréng ass bannent dem leschte Joer ëm 4,4 Prozent gefall a läit elo just nach knapp iwwer 15 Prozent, mat Tendenz no ënnen.
„Dat heescht, si geet do, wou se eng Kéier war 2013 a si hunn eng ADR, déi elo knapps ënner 10 läit, dat heescht, déi leien elo schonn an der Marge d'erreur. Wa mer d'Feelertoleranz huelen, deen dee Stëmmungsbarometer hei huet, da sinn déi statistesch gesinn guer net méi wäit auserneen.“
Deemno grouss Zefriddenheet bei Leit, mat der DP an der LSAP, déi an Tëscht d'selwecht gutt bewäert ginn.

„A wann een dat och nach vergläicht mat der Sonndesfro, wou se bal landeswäit gesinn, déi selwecht Prozentzuelen hunn. Dat heescht, et kéint ee bal soen, esou wéi Bettel a Lenert sech op Aenhéicht an hire Pressekonferenze gesinn, esou ginn am Moment och déi zwou Parteien op Aenhéicht bewäert.“
Iwwerhaapt gëtt d'Regierungsaarbecht den Ament zimmlech positiv bewäert, mat ganzer 43 Prozent vun de Leit, déi d'Aarbecht vun der Regierung gutt fannen. Am Verglach, als gutt bewäerten d'Aarbecht vun der Oppositioun aktuell just 15 Prozent.

Tëscheruff vum Roy Grotz: Dräierkoalitiounen als Lëtzebuerger Zukunftsmodell
Detailer iwwert d’Method an de Questionnaire op Alia.lu