Besteierung vu Sicav-FISGiorgetti léist Immobiliëfong op

RTL Lëtzebuerg
Vum éischte Januar u gi Lëtzebuerger Immobilien, déi a sougenannten Immobiliëfongen "Sicav FIS" sinn, besteiert.
© RTL Archivbild

“Et war z’erwaarden: D’Giorgetti-Bridder sinn am Gaangen, hiren Immobiliëfong opzeléisen”, schreift d’Wochenzeitung d’Land e Freideg. Effektiv geet aus engem 700-Säiten-Dokument am Handelsregëster ervir, datt de Fong a seng eenzel Kompartimenter opgedeelt gëtt an d’Aktiver aus dem Fong, déi op eng Milliard Euro geschat ginn, a 17 nei gegrënnte Gesellschaften transferéiert ginn. Am Immobiliëfong wieren nämlech och aner Proprietären dran.

Déi Aktiver, déi bis ewell kaum besteiert goufen, kommen also laanscht déi nei Steier op d’FIS’en. Par konter, se falen ënnert déi normal Besteierung vu Gesellschaften oder Aktionären. Et gouf gefaart, datt d’"Actifs immobiliers” aus dem Fong an Irland zum Beispill transferéiert ginn, sou d’Land. Der Wochenzeitung géigeniwwer versécheren de Marc Giorgetti an de Paul Feider: „Mir wäerten an der kompletter besteierter Welt sinn“.

Wat den Immobiliëfong vum Flavio Becca ugeet, dee gëtt zanter 2017 vun onofhängegen Administrateure geréiert. Hannergrond ass e juristesche Sträit tëscht dem Flavio Becca an dem Eric Lux. Dee wäert a priori net kënne mat Zäit opgeléist ginn a wäert ënnert déi nei Besteierung vun 20% falen.

Revenue vu Geschäfter mat Immobilien am Ausland bleiwe steierfräi. Fonge bezuelen awer all Joer eng Taxe d’abonnement vun 0,01% vum Kapital.

RTL: Background am Gespréich vum 12. September mam Marc Giorgetti

Back to Top
CIM LOGO