Am November si méi Leit hei am Land gestuerwe wéi tëscht Mäerz an Enn Oktober.

An nëmmen engem Mount huet sech d'Zuel vun de Covid-Doudege méi wéi verduebelt. D'Altersheemer sinn d'Hotspotten, schreift d'Wort. Trotz Sécherheetsmesuren hätt een et wéi et schéngs net verhënnert kritt, datt de Virus sech an deenen Haiser staark verbreet.

Bal d'Hallschent vun de Corona-Doudege kënnt aus den Altersheemer. Vun de 557 Persounen, déi gestuerwe sinn a positiv getest waren, hunn der 262 an Altersheemer gelieft. Déi meescht vun hinne sinn och do gestuerwen an net am Spidol.

Aktuell si 36 Residenten an den 52 Heemer infizéiert. Zanter dem Ufank vun der Pandemie hu sech iwwer 1.240 Leit vum Personal a knapp 1.600 Residenten ugestach gehat. 6.000 Leit liewen an de Lëtzebuerger Altersheemer.

Wéi d'Leit sech do genee ustiechen, ass ongewëss. D'Personal ka sech all zwou Wochen teste loossen.