4. Prozessdag fir Promoteur Flavio BeccaAffekot vum Beschëllegte freet de Fräisproch am "Auereprozess"

Tim Morizet
De Promoteur a Sport-Investisseur Flavio Becca steet jo zanter der leschter Woch wéinst dem Virworf vun Ënnerschloe vu Firmegelder viru Gericht.
© Tim Morizet

Wéinst dem Virworf vun Abus de biens sociaux an der Verontreiung vu Firmegelder steet de Baupromoteur a Sport-Investisseur Flavio Becca zanter leschter Woch viru Gericht. Am sougenannten Auereprozess huet den Affekot Hervé Temime en Dënschdeg de Moien de Fräisproch fir säi Client gefrot.

4. Prozessdag vum "Auereprozess" - Reportage Tim Morizet

Konkret geet et em de Kaf vu knapp 850 Luxus-Aueren am Wäert vu ronn 18 Milliounen Euro. Tëscht 2004 an 2011 gouf e Groussdeel vun den Aueren iwwer 18 Entreprisë vum Flavio Becca kaf. Dës hätten awer näischt mam Objektiv vun de Societéiten ze dinn, esou de Reproche vum Parquet.

De Flavio Becca riskéiert am Fall Vun engem Scholdsproch eng Prisongsstrof an/oder eng Geldstrof.

Abus de biens sociaux géif an dëser Affär net existéieren, esou awer de franséische Star-Affekot - den “Avocat des puissants”, ewéi en och uechter Frankräich genannt gëtt, a sengem Plädoyer.

Den Hervé Temime huet dat geschäftlecht Handele vu sengem Client als heiansdo “atypesch” bezeechent, ma hei wier ni e schlechte Wëlle mat am Spill gewiescht. Et kéint een och net vun enger Verheemlechung schwätzen, wann d’Aueren alleguer comptabiliséiert gewiescht wieren a säi Client sech, no der Perquisitioun, prett gewisen hätt, Erklärungen zu den Aueren ofzeginn.

Kritik gouf et virun allem un der Aarbecht vun der Police judiciaire. Et wier eng extravagant Perquisitioun gewiescht, déi dësen Numm net verdéngt hätt, esou den Affekot. Zum Beispill wier kee konkreten Inventaire gemaach ginn an och keng Expertise vun den honnerten Aueren. D’Police hätt weder d’Këschten, nach d’Pabeieren, also d’Originalitéitsgarantien, saiséiert. De Me. Temime hätt wärend dem Prozess säi Client misse froen, fir eng Foto vum Safe Doheem matzebréngen, well d’Police deemools, virun 10 Joer, vergiess hätt, eng Foto ze maachen.

De Kaf vun all den Aueren hätt an de Jores-Konte vun de Gesellschafte gestanen, huet dem Flavio Becca säin 2. Affekot, de Me. Kronshagen preziséiert. Et wier also falsch ze soen, datt de Promoteur sech op d’Käschte vu sengen Entreprisë perséinlech hätt wéilte beräicheren. Dat wier och net néideg, huet den Affekot duerchblécke gelooss. Sai Client hätt 2009 e Verméige vu 400 Millioune gehat. Bis 2019 wier dëse Chiffer "largement" geklommen.

De Me. Temime preziséiert iwwerdeems, datt an 190 Fiskal-Kontrolle vun der Lëtzebuerger Administratioun keng Irregularitéiten an de Bilane vun den Entreprise fonnt goufen, mat deenen d’Auere kaf goufen. Et wieren och keng Spueren do, datt de Flavio Becca sech illegal Dividenden aus dësen Entreprisë geholl hätt. Datt e puer Aueren, virun 2007, also Frais Cadeau comptabiliséiert goufen, wier e Feeler gewiescht, deen de Comptabel deemools agestanen hätt, esou nach de Me.

De Parquet hätt no 10 Joer nach ëmmer keng konkret Preuven, esou de Me. Temime virun engem gutt gefëllte Geriichtssall. Dësen Dossier wier just aus de Korruptiounsvirwërf vu virun e puer Joer entstanen, déi bis haut awer net konnten nogewise ginn, esou d-Kritik vum Me. um Parquet.

D’Suitte vum Prozess ass e Mëttwoch de Mëtteg an der Stad.

1. Prozessdag fir Promoteur Flavio Becca: Reproche vun Abus de biens sociaux an dem Verontreie vu Firmegelder
2. Prozessdag fir Promoteur Flavio Becca: 37 Luxus-Auere méi kaf wéi ugangs ugeholl
3. Prozessdag fir Promoteur Flavio Becca: Auere goufen als Investissement kaf, esou de Flavio Becca

Back to Top
CIM LOGO