Däitsch GrenzregiounE Reportage iwwer Coiffer-Tourismus suergt fir Opreegung

RTL Lëtzebuerg
Et géife souguer Clienten aus Köln, Bonn, Frankfurt a München op Lëtzebuerg bei de Coiffer kommen.
Däitsch Grenzregioun
E Reportage iwwer Coiffer-Tourismus suergt fir Opreegung

D’Angscht virun ënnerschiddleche Virus-Mutatiounen ass grouss an dofir ginn och europawäit Reesaschränkungen ëmgesat. An awer ass och op de Grenzen tëscht Lëtzebuerg an Däitschland all Dag nach vill Trafic. Ënner anerem och, well Clienten an Däitschland, wou vill Geschäfter an och Coiffer-Salonen zou sinn, op Lëtzebuerg kommen.

Eng Situatioun, déi vu villen Däitschen als onfair empfonnt gëtt. Et géife souguer Clienten vu Köln, Bonn, Frankfurt a München op Lëtzebuerg bei de Coiffer kommen, wärenddeem an Däitschland d’Salone wéinst de Corona-Mesuren ëm d’Iwwerliewe musse kämpfen.

Dat war och d’Thema vun engem Reportage, deen eng Ekipp vum däitschen RTL zu Waasserbëlleg a Gréiwemaacher gedréint huet an dee grad an de sozialen Netzwierker hefteg kommentéiert gëtt.

Hei geet et direkt bei de Reportage vum däitschen RTL!

https://www.rtl.de/cms/deutsche-friseur-touristen-in-luxemburg-500-kilometer-fuer-neuen-haarschnitt-4689636.html

Back to Top
CIM LOGO