ChamberkommissiounA 14 vun 52 Alters- a Fleegeheemer gëtt et de Moment op d’mannst ee Covid-Fall

Monica Camposeo
Dat sinn d’Deputéiert um Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun vun der Familljeministesch Corinne Cahen gewuer ginn.
Corona-Situatioun am St Elisabeth berouegt sech
Um Méindeg war jo public ginn, datt et e Cluster am Altersheem St Elisabeth am Park an der Stad gëtt.

Um Méindeg war jo public ginn, datt et e Cluster am Altersheem St Elisabeth am Park an der Stad gëtt.

Iwwer 80 Fäll am Ganze gouf et, opgedeelt op d’Personal an d’Pensionären. 8 Mënsche si gestuerwen. Aktuell gëtt et nach 24 Fäll ënnert de Residenten an 30 beim Personal.

Corona an Alters- a Fleegeheemer / Reportage Monica Camposeo

Den Ausbroch wier am Gaangen ofzekléngen, huet d’Familljeministesch Corinne Cahen präziséiert. Dass sech d’Krankheet an engem Haus séier verbreet, wier gewosst, ma wéi de Virus erakomm ass, wier awer schwéier ze retracéieren, esou d’Ministesch:

“Ech hunn d’Directrice gefrot, ob si eng Anung hätt, vu wou de Virus kéint komm sinn. Mee si hätt guer keng Anung. Mee et hätt vill Fäll beim Personal ginn, wou mol d’Kanner oder mol de Mann positiv getest goufen. Ech hunn d’Impressioun, wéi wann et vu verschiddene Säiten op ee Coup komm ass bei hinnen. Do ass och vill Pech beienee komm, well bis den 12. Januar ware si epargnéiert bliwwen. Dat ass scho ganz dramatesch.”

E Covid-19-Ausbroch an engem Alters- oder Fleegeheem bedeit dann och fir d’Personal eng grouss Erausfuerderung.

“Si hate 36 Leit vum Personal, déi op ee Coup ewechgefall sinn, well si positiv waren. Net well si a Quarantänn waren, déi komme jo nach dobäi. Do war et dann natierlech e groussen Challenge, fir d’Schichten ze assuréieren, d’Leit anstänneg ze versuergen an z’encadréieren. An do konnte si op hiert eegent Personal zeréckgräifen, mee och an der Reserve sanitäre, wou si e puer Leit konnte recuperéieren.”

D’Vaccinatiounscampagne soll elo de Risk fir weider Ausbréch méi kleng maachen. Dobäi gëtt et ënnerschiddlech Approchen, déi un d’Secteuren ugepasst sinn, erkläert d’Familljeministesch Corinne Cahen.

“An de Klinicke geet een dovunner aus, dass de Patient net geimpft ass. Dowéinst ass et ëm sou wichteg, dass dee Cordon sanitäre ronderëm de Patient geimpft ass, fir dass sech de Virus net am Spidol verbreet. An den Alters- oder Fleegeheemer oder och an den Infrastrukturen, wou Persoune mat enger Behënnerung liewen, ass dat anescht. Esou Strukture solle jo elo och mat geimpft ginn. An do ass et jo dann esou, dass de Bewunner selwer geimpft gëtt.”

D’Awunner aus den Alters-a Fleegeheemer misste besser geschützt ginn, kritiséiert iwwerdeems de Prof. Dr Claude Müller. Et misst een hinne méi systematesch an iwwer länger Zäit Videokommunikatiounsmëttel wéi z.B. Skype zur Verfügung stellen. Seet de Virolog vum LIH. Op dës Manéier kéinten déi eeler Leit hir Famill all Dag gesinn, physesch Kontakter sollten dowéinst awer net verbuede ginn. Wären awer vläicht manner dacks noutwenneg. Ausserdeem sollten och méi systematesch Schnelltester an der Entrée an den Asaz kommen. Dat esouwuel beim Personal, dat nach net geimpft wier, wéi bei de Visiteuren. Dem Virolog no géife si eng zousätzlech Sécherheet bidden.

„Et gëtt vill ze oft gesot, datt déi Tester schlecht sinn. Et gëtt der och, déi gutt sinn an déi fir esou eppes duerchaus benotzbar sinn.“

Wichteg wier awer och, dass d’Fleegepersonal besser iwwer de Covid-19-Vaccin informéiert gëtt an hei d’Impfbereetschaft an d’Luucht geet. Dat hätt och en Afloss op d’Impfbereetschaft vun der ganzer Gesellschaft, betount de Pro. Dr Muller.

Knapps 2.300 Residenten an den Heemer (2.287) si bis ewell scho geimpft ginn. 640 krute schonn hir zweet Dosis.

812 Leit vum Personal kruten och schonn déi 1. Vaccinatioun, 18 hir zweet.

D’Impfbereetschaft beim Personal ass geklommen, nodeems si sech elo op der Plaz vun de mobillen Ekippe kënnen impfe loossen an net mussen an den Impfzenter goen.

Back to Top
CIM LOGO