Wéinst der Pandemie ass et net Ament net einfach, an e Schigebitt ze fueren. Dofir goung et e Samschdeg fir vill Leit an Direktioun Sonn a Plage.

4 LuxairTours-Fligere sinn op d'Kanaresch Insele geflunn an ee Vol goung op Madeira. Alle 5 ausgebucht. Wärend d'Leit mat Mann a Maus sech beim Luxair-Schalter presentéiert hunn, hat d'Personal um Tarmac hir Hänn voll ze dinn. Ënnert anerem missten d'Fligeren entäist ginn.

D'Clientë vu LuxairTours, déi nieft dem Vol och den Hotel gebucht hunn, kréie fir d'Heemrees e gratis PCR-Test vun der nationaler Fluchgesellschaft bezuelt. Dëse gëtt am Hotel selwer duerchgefouert. Am Fliger fille sech d'Leit sécher.

Stand Freideg goufen op de Kanaren eng 38.100 Persoune positiv op de Coronavirus getest. Virun allem Teneriffa a Gran Canaria verzeechnen de Gros vun de Fäll.

Bei der Luxair kuckt een och schonn iwwer d'Fuesent eraus. Fir d'Ouschtere versicht ee bei LuxairTours nach méi Destinatiounen an de Programm opzehuelen. Geplangt si Griicheland an eventuell aussereuropäesch Destinatioune wéi Tunesien.