Neien Impfzenter huet seng Dieren opgemaach
Zu Esch-Belval huet den zweeten nationalen Impfzenter déi éischt Leit empfaangen.
Mat der Kuliss vun den Héichiewen an der Uni kann ee sech hei vu Dënschdes bis freides vu 7 bis 19 Auer respektiv méindes Nomëttes a samschdes Moies op Rendez-vous a mat Invitatioun géint de Coronavirus impfe loossen. Am Ganze kënne 14 Persoune gläichzäiteg geimpft ginn, den Ament ass awer nach e reduzéierten Zerwiss.
Et sinn nämlech nach net genuch Impfdosissen do, fir ganz opzemaachen, erkläert d'Dokter Silvana Masi, déi de Site geréiert.
"Par Rapport zum Approvisionnement vun de Vaccine ginn da verschidde Reien opgemaach, dat heescht, do hu mer dann op d'mannst fir zwou Reien véier Dokteren, vue dass mer och Schichten hunn, mat och da véier Infirmièren oder Infirmieren. An dann hu mer d'Personal vun der Gemeng, déi eis hëllefen, fir d'Organisatioun, véier bis fënnef Leit, an dann nach Informatiker."
Wann den Impfzenter bis voll a Betrib ass, wäerten op all Schicht eng 50 Leit am Asaz sinn, seet de Luc Feller vum Haut-Commissaire à la Protection nationale.
"Theoretesch kéinte mer hei impfen, wann déi 14 Filen op sinn, wa mer à plein régime fueren, kéinte mer mat 6.700 Leit d'Woch fueren."
Fir d'Gestioun vun den Impfdosen z'assuréiere wier en Apdikter op der Plaz.
"Mir hunn an all Impfzenter hu mer een Apdikter. Deen Apdikter, deen ass responsabel fir d'Gestioun vum Impfstoff. Effektiv kann et sinn, dass eng Persoun kënnt an net däerf geimpft ginn, dann huet een eng Dosis ze vill. Den Apdikter geréiert dat en fonction vun der Unzuel vu Leit déi kommen. E weess jo ongeféier, wéi vill Rendez-vouse geholl gi sinn an dann ab annerhallef Stonn ier den Impfzenter zougeet fänken u mat de Leit do ënnen am Accueil ze schwätzen, wéi vill kommen der nach, sot mir Bescheed, wann een net kënnt, wann een ze vill kënnt an da ginn nëmmen nach esouvill Impfdosisse preparéiert, wéi och reell Leit kommen."
Op der Plaz ginn d'Leit d'éischt vun engem Dokter ënnersicht, dee säin Accord fir d'Impfung muss ginn. D'Leit hätten dacks nach vill Froen zu der Impfung, seet d'Infirmière Sandra Ferring, déi d'Impfunge mécht.
"Dat gëtt intramuskulär gemaach an den Deltoid-Muskel. Dat heescht, wann d'Leit Rietshänner sinn, maache mer se lénks an ëmgedréint. Well et kann awer sinn, dass een e bëssen den Aarm wéi kritt a wann ee Rietshänner ass, da brauch een awer déi Hand, fir ze schaffen."
Wéi bei all Impfstoff kéinten et och bei de Covid-Impfungen Niewewierkunge ginn, seet d'Dokter Silvana Masi.
"Mir versichen, datt d'Leit dann och nach eng Véierelsstonn waarden an dass mer kënnen, wa méi eng schlëmm Reaktioun géif kommen, dann hu mer se op der Plaz, mir hunn och de CGDIS dobäi, d'Secouristen. A si kréien dann och gesot, wéi eng Zeeche kënne kommen, dat ka vum Féiwer goen, bis sech net wuelfillen a Middegkeet, dat sinn déi üblech Niewewierkungen."
Den Ament ginn nach d'Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur zu Esch geimpft, an zum Deel Persounen, déi a Strukture fir Mënsche mat enger Behënnerung liewen. Am Laf vun dëser Woch sollen awer och éischt Invitatioune fir d'Phas 2 erausgoen, an där Leit iwwer 75 Joer a besonnesch vulnerabel Persoune solle geimpft ginn.
"D'Leit kréien eng Invitatioun geschéckt, an dat ass e bësse wéi beim Large Scale Testing, do steet e Code drop, domat kënne se sech op engem Site aloggen, op myGuichet an da gesi se alleguer d'Rendez-vousen déi fräi sinn. Elo ass dat net jidderengem ginn, fir dat iwwert den Internet ze maachen an do gëtt et eng Hotline, déi och um Bréif dropsteet an do sollen d'Leit sech guer net genéiere fir unzeruffen, well do kréien se dann de Rendez-vous geholl."
Enn nächster Woch sollen dann och déi 2 aner Impfzenter zu Ettelbréck an zu Munneref opgoen, sou de Luc Feller.