D'Wuel vum Kand an d'Recht, Fridden ze fannen, steet am Mëttelpunkt, seet de gréngen Deputéierte Charles Margue.

Dat eent richtegt Familljebild existéiert net méi, esou de Charles Margue, gréngen Deputéierten a Rapporteur vum Gesetzesprojet 7674. Dee Projet de Loi, deen zanter Wochen an ëffentlech méi dacks diskutéiert gouf. Konkret géif et drëms goen, och déi manner traditionell Familljen a virun allem d'Kanner ze ënnerstëtzen. Lëtzebuerg féiert elo eng Prozedur an, déi engem d'Recht gëtt, gewuer ze ginn, wou een hierkënnt.

Projet de Loi 7674/Reportage Tim Morizet

D'Wuel vum Kand an d'Recht, Fridden ze fannen, steet am Mëttelpunkt, seet de gréngen Deputéierte Charles Margue. D'Recht, fir seng Originnen ze kennen, ass e Mënscherecht, e Kannerrecht, erkläert de Rapporteur vum Projet de Loi.

"Wann dir net wësst, vu wou der hierkommt, är Originesgeschicht net kennt, da kann een dorënner leiden. Et ass e Problem fir d'Personalitéit vum Mënsch, et ass e Problem fir d'Identitéit a jiddereen huet d'Recht, och an esou fern säi Fridden ze fannen."

Per Gesetz mussen also geschwë bei enger kënstlecher Befruchtung, wou eng drëtt Persoun involvéiert ass, d'Identitéit vun de Sperma-Spender oder vun eng Eezell gewosst a festgehale sinn.

Dat gëllt fir Befruchtungen, déi hei am Land gemaach ginn oder am Ausland, wann ee vun den "neien Elteren" hei am Land lieft. Ma och d'Recht vun der Mamm soll frësch adaptéiert ginn, am Fall wou hir Date bei enger anonymmer Gebuert solle geschützt ginn.

"Mir hunn elo e Gesetzprojet hei leien, wou „dans la mesure du possible“ d'Kand Accès op seng Origine kritt. Mir probéieren, eng Balance ze fannen tëscht dem Recht op d'Anonymat vun der Mamm an dem Recht vun der Origine vum Kand. Eng schwiereg Balance."

Just d'Kand soll kënnen eng Demande maachen, fir seng Originne gewuer ze ginn. Ass d'Kand nach mannerjäreg, brauch et den Accord vun den Elteren. Bei enger anonymmer Gebuert kënnen d'Elteren hir Identitéit uginn oder soss eng Informatioun, wéi zum Beispill e Bréif hannerloossen, mussen awer net.

Aus dem medezinesche Beräich war et déi lescht Deeg d'Kritik, datt den aktuellen Text géif kënschtlech Befruchtungen, duerch auslännesch Restriktioune, quasi onméiglech maachen. Un deem Problem géif geschafft ginn. Wéi déi genee Solutioun soll ausgesinn, géif awer nach net feststoen, heescht et vum Rapporteur.

Interview mam Dr Peiffer

Den Text vum Gesetzprojet hätt awer nach seng Problemer, esou de Dr Peiffer, Gynekolog a Mataarbechter vum PMA (Procréation médicalement assistée) Team am CHL.

Interview mam Dr Peiffer/Reportage Tom Morizet