Lëtzebuerger KläranlagenRéckstänn vum Coronavirus am Ofwaasser bleiwen héich

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem an de Kläranlagen zu Beggen, Beetebuerg oder Péiteng geet den Trend an d'Luucht.
© RTL-Archiv

D’Presenz vum Coronavirus an den 10 Lëtzebuerger Kläranlagen ass aktuell héich. Dat geet aus dem Coronastep-Rapport ervir, deen de List en Dënschdeg public gemaach huet.

Entgéint vun de leschten zwou Februarwoche géing den Trend vun der Virus-Presenz am Ofwaasser aktuell nees no uewe weisen.

Natierlech ginn et nees Differenzen tëscht de Kläranlagen: Iwwerdeems d’Situatioun zu Wolz stabel ass, geet den Trend an den Installatiounen zu Beggen, Schëffleng, Beetebuerg a Péiteng an d’Luucht, sou d’Fuerscher vum List. D’Ofwaasser zu Elwen ass par Konter am mannste belaascht.

gure 2a – RT-qPCR quantification time-course monitoring of SARS-CoV-2 (E gene) in the four most impacted wastewater treatment plants from March 2020 to February 2021. Grey squares: daily-confirmed cases for the contributory area of each wastewater treatment plant, dots: SARS-CoV-2 flux (RNA copies / day / 10 000 equivalent inhabitants).

Back to Top
CIM LOGO