RéckbléckVirun engem Joer gouf et deen éischte Corona-Fall zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Samschdes, den 29. Februar 2020 hat d’Santé owes kuerzfristeg eng Pressekonferenz aberuff an huet hei den 1. confirméierte Fall am Land annoncéiert.
Virun engem Joer gouf et deen 1. Corona-Fall zu Lëtzebuerg
Samschdes, den 29. Februar 2020 hat d’Santé owes kuerzfristeg eng Pressekonferenz aberuff an huet hei den 1. confirméierte Fall am Land annoncéiert.

Ee Joer ass et hier, datt de Coronavirus Lëtzebuerg erreecht huet. Als nationalen Zenter fir infektiéis Krankheete war de CHL mat der infizéierter Persoun befaasst. Mir kucken zréck.

29.02.2020: 1. Fall vum Coronavirus am Land

Déi betraffe Persoun hat sech bei der Santé gemellt, well se liicht Symptomer hat a sech kuerz virdrun an Norditalien opgehalen hat, wou de Virus scho verbreet war. Owes louch e positiven Test vir. Den 1. Covid-Patient gouf an d’Spidol bruecht. Net well eng Behandlung néideg gewiescht wär, ma déi éischt Fäll wieren am Spidol isoléiert ginn. Esou sollt eng Verbreedung vum Virus wa méiglech verhënnert ginn, erkläert den Dr Pit Braquet. Den Infektiolog war deen Owend am Spidol.

Sars-CoV-2, deen neien ustiechende Coronavirus, deen a China zu villen Infektiounen an Doudege gefouert huet, hat also och Lëtzebuerg erreecht.

Speziell Medikamenter géint déi duerch Sars-CoV-2 ausgeléisten nei Longekränkt Covid-19 gouf et keng, dofir awer Behandlungsprotokoller aus dem Ausland mat Erfarungswäerter wéi eng Medikamenter uschloe kéinten. Eis Nopeschlänner hate scho Woche virdrun hir 1. Covid-Fäll. An Italien waren zu deem Zäitpunkt schonn éischt Mënschen um Coronavirus gestuerwen.

E puer Wochen drop waren och hei am Land d’Spideeler iwwerfëllt. D’Intensivstatioune sinn un hir Limitte gestouss.

Zanter dem 29. Februar 2020 goufen am CHL 900 Patienten eleng wéinst dem Covid-19 hospitaliséiert. 95 vun hinnen hu souguer missen op der Intensivstatioun betreit ginn. An deem Joer hätt ee sech besser opgestallt a vill bäigeléiert, seet den Dr Braquet. Iwwert de Virus, d’Krankheet an d’Therapie.

An et gëtt e Vaccin. Dat mécht Hoffnung. Den Dokter Braquet an d’Catarina Fernandes, Responsabel-Infirmière vum Service vun den ustiechende Krankheeten, si sech awer och bewosst, datt de Match nach net gewonnen ass.

Am CHL sinn den Ament 30 Covid-Patienten hospitaliséiert. An den nächste Woche riskéieren der nach eng Rei bäizekommen.

Back to Top
CIM LOGO