Dat seet d’Corinne Cahen am RTL-Interview. Lues a lues, Fanny Kinsch, kënnt esou eng gewëssen Normalitéit zréck an d’Liewe vun eeleren a vulnerabele Leit...
“Bis de 25. Mäerz wäerten all d’Haiser fir d’éischt a fir d'2. geimpft sinn, sou dass mer da ganz duerch sinn, sou wuel mat den Altersheemer, wéi och mat de Fleegeheemer, wéi och mat de Strukturen am Handicapsberäich”, seet d’Familljeministesch Corinne Cahen.
De President vun der COPAS Marc Fischbach komplettéiert, bis Enn der Woch hu schonn 22 Haiser déi 2. Impfdosis 14 Deeg hannert sech. Vun deem Moment u recommandéieren de Familljeministère an den Daachverband vun de Fleegedéngschter, datt d’Awunner nees Besuch an hirer Kummer dierfe kréien an och net méi mussen a Quarantän, wa si vun enger Sortie heem kommen. Fir de Recht gëllen awer nach d’Distanz-Reegelen: “Maskeflicht ëmmer, ëmmer eng Distanz vu mindestens 2 Meter a selbstverständlech mussen d’Leit sech och nach ëmmer enregistréieren, déi an en Haus erakommen, fir esou e reiwungslosen Traçage vun enger eventuell neier Infektioun z’erméiglechen.”
Déi 152 Awunner vum CIPA Gréngewald zu Nidderaanwen krute bis ewell hir éischt Impfdosis. 95% vun de Residenten hu sech impfe gelooss, seet den Direkter Patrick Reding. Ma och bei der Participatioun vum Personal wier een éischter zefridden: “Et sinn awer och verschidde Leit, déi am Ufank nach e bëssen Angscht haten, déi awer elo gefrot hunn an där 2. Phase, wa mer elo Enn Abrëll déi 2. Impfung kréien, fir sech da fir d’éischt Impfen ze loossen. An en plus huet de Ministère jo och gëschter eng Ouverture gemaach, fir dass déi, déi nee gesot hunn elo awer eng 2. Chance kréien.”
De Patrick Reding hofft, datt ee wann d’Wieder besser gëtt och nees Saachen dobaussen organiséiere kann. Dat wier a Covid-Zäiten ze kuerz komm: “Mir maache ganz vill Fester, grouss Fester virun der Dier, wou d’ganz Gemeinschaft vun der Gemeng Nidderaanwen mat abezunn ass, eis Gebuertsdagsiessen, sou Saachen, an dat ass fir eis extrem wichteg an dat huet natierlech alles elo missen zeréckgestallt ginn.”
An eng Awunnerin vum CIPA Gréngewald weess och schonn, wourop si sech am meeschte freet: “Wann ech mat menger Famill mol nees eng Kéier kann an de Restaurant iesse goen. (laacht)”