
Zum Beispill si Frae vill méi dacks Affer vu Gewalt am Stot wéi Männer. Dowéinst gëtt e Méindeg och eng nei Applikatioun fir de Smartphone virgestallt, déi den Affer vun haislecher Gewalt hëllefe soll. Fir d’Direktesch vu Femmes en détresse Andrée Birnbaum ass dat en Instrument, dat scho laang gefuerdert gouf.
A Gespréicher mat fréieren Affer krut si dacks gesot, dass esou eng App hinne gehollef hätt.
Et soll eng éischt anonym Ulafplaz sinn. Ma fir dass d’App och effektiv den Affer hëlleft, ass et awer wichteg, dass d’Täter se net kennen. Logo an Numm sollen net an der Ëffentlechkeet bekannt gemaach ginn. Nëmmen esou kënnen déi betraffe Persounen d’App a Sécherheet notzen.
Um Weltfraendag ass et wichteg och dorop hinzeweisen, dass Fraen a verschidden Domainer nach ëmmer benodeelegt sinn.
Hei gëtt op Erfarungswäerter aus anere Länner gesat, wou et esou eng App scho gëtt. An Zesummenaarbecht mat der Vodafone Fondation gouf d’Applikatioun fir Lëtzebuerg adaptéiert, erkläert d’Nathalie Weiss, zoustänneg fir déi extern Kommunikatioun:
“Eng Spezifizitéit vu Lëtzebuerg sinn zum Beispill déi vill Sproochen. Aktuell gëtt et d’App op Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch a Portugisesch, ma et soll awer nach Serbesch an Arabesch dobäi kommen. Ausserdeem fënnt een nach nëtzlech Informatiounen iwwert verschidden Institutiounen, bei deenen een, am Fall vun haislecher Gewalt, kann Hëllef fannen.”
Den Ament kann ee just bei Femmes en détresse per Mail nofroen, wann ee méi Informatiounen an den Numm vun der App wëll. Et gëtt awer un enger Strategie geschafft, fir dass och aner Institutiounen d’App u betraffe Leit kënne promouvéieren.
Weltfraendag: Op dësem Dag gëtt méi Gerechtegkeet tëscht de Geschlechter gefuerdert
Am Kader vum Weltfraendag: Mëttlerweil schaffe vill Fraen an der Wëssenschaft