Angscht ëm 250 Plaze bei Kalwalzwierk Liberty zu Diddeleng

© RTL-Archiv
Net nëmme bei der Diddelenger Firma Ampacet ass e Mëttwoch e Protest-Piquet an et gëtt sech Suergen ëm d'Zukunft gemaach.
Och beim fréiere Kalwalzwierk vun ArcelorMittal ass d'Zukunft ongewëss. Dëst Walzwierk vun der Stolbranche Liberty Steel gehéiert zanter 2 Joer dem brittesche Grupp vum Milliardär Sanjeev Gupta. Lo huet awer mat Greensill Capital, ee vun de Creanciere vum Gupta-Grupp Faillite gemaach, sou datt d'Gewerkschaften LCGB an OGBL och ëm d'Zukunft vun der Diddelenger Installatioun fäerten, well dermat kéint gerechent ginn, datt de Finanzkonstrukt vu Liberty Steel wéi e Kaartenhaus an de Koup fält.
Ëmmerhi schaffen um Diddelenger Site, wou d'Joer eng 600.000 Tonnen Blecher gewalzt a galvaniséiert ginn, eng 250 Leit.
Nach zejoert hat de Gupta-Grupp annoncéiert, fir an d'Liberty Fabricke vu Léck an Diddeleng eng 100 Milliounen z'investéieren - dovunner wier nach keen Euro am Minett ukomm.
Den OGBL freet duerfir eng Urgencë-Reunioun mat der Direktioun vu Liberty Steel, fir iwwert d'Zukunft vum Diddelenger Site ze schwätzen.
Am Verwaltungsrot vu Liberty Steel sëtzt mam fréieren ArcelorMittal-President Roland Junck och e Lëtzebuerger.
Schonn en Dënschdeg hat de Marc Baum (Déi Lénk) de Wirtschaftsminister Franz Fayot op d'Faillite vu Greensill an d'Zukunft vun der Fabrick zu Diddeleng an der Froestonn ugeschwat. Den LSAP-Minister krut effektiv och selwer e Bréif vum Sajeev Gupta, wou hien iwwert déi aktuell Situatioun informéiert gouf a wou dra stoung, datt et keng Repercussiounen duerch d'Faillite vu Greensill op de Site Diddeleng wäerte ginn. Am Géigendeel: Et sollen nach weider administrativ Aktivitéite vu Liberty Steel op Lëtzebuerg transferéiert ginn – Stéchwuert "grénge Stol".
Och den CSV-Deputéierte Marc Spautz huet an deem Kontext eng parlamentaresch Fro un de Wirtschaftsminister gestallt.