De Frank Engel trëtt net méi fir seng Successioun un. Dat huet de Parteipresident de Membere vum Nationalcomité matgedeelt, wéi d’Generalsekretariat vun der Partei per Communiqué wëssen deet. Domat confirméiere sech d’Informatiounen, déi mir kuerz no 13 Auer gemellt haten.
De Frank Engel war deemno méi kloer, wéi nach virun der Press. D’Responsabilitéite vun der CSV-Presidence falen elo op déi 2 Vizepresidentinnen Elisabeth Margue a Stéphanie Weydert.

De Parquet huet eng preliminär Enquête opgemaach, wéinst de Faiten, déi CSV-Memberen ugangs der Woch denoncéiert hunn, am Zesummenhang mam Aarbechtskontrakt tëschent der ASBL"CSV Frëndeskrees” an dem Frank Engel. An deem Zesummenhang war och eng Perquisitioun bei der ASBL, wéi et an engem Schreiwes heescht. D’Enquête leeft. Domat confirméiere sech eis Informatiounen, datt d’Affär Suitte kritt.
De Frank Engel hat um Freideg de Moien nach ee mol widderholl, hien hätt sech wéinst sengem Aarbechtskontrakt bei der ASBL “CSV Frëndeskrees” näischt ze reprochéieren.
13 CSV-Parteimemberen, dorënner 6 Deputéiert, haten e Bréif un de Parquet geschéckt, nodeems si vun deem Kontrakt gewuer goufen.