RIP Paul HelmingerD'DP trauert ëm ee vun hire "brillianteste Käpp"

Monique Kater
De Paul Helminger ass 1940 zu Esch gebuer an e Samschdeg am Alter vun 80 Joer gestuerwen.
Doud vum Paul Helminger
De Paul Helminger ass 1940 zu Esch gebuer an e Samschdeg am Alter vun 80 Joer gestuerwen.

Den DP-Politiker an Deputéierte war vun 1999 bis 2011 Stater Buergermeeschter, Chef de Cabinet an der Regierung Thorn an dono vun 79 bis 84 Staatssekretär.

No sengem Droit- a Politologie-Studium war de Paul Helminger Diplomat. Bei senger Aarbecht zu London hat hien 1969 de Gaston Thorn kennegeléiert, 5 Joer méi spéit war et dunn den Optrëtt an déi national Politik.

A senge 5 Joer als Staatssekretär war den Helminger responsabel fir de Aussenhandel, d’Ekonomie, d’Justiz, d’Kooperatioun an de Mëttelstandsministère. Seng Zäit duerno als Stater Buergermeeschter huet de Paul Helminger an Interviewen dacks als déi schéinsten, déi e bis dohin hat, beschriwwen.

No der Politik war et de Wee zeréck an d’Ekonomie 2012. Innerhalb vun 12 Méint huet den Helminger d’Spëtzt vun der Luxair a Cargolux iwwerholl.

Hien hannerléisst 7 Kanner aus 2 Bestietnisser.

Reaktiounen

D’Demokratesch Partei trauert ëm ee vun hire brillantste Käpp, wéi se e Samschdeg de Mëtteg schreift. Mat him géif Lëtzebuerg e Politiker verléieren, deen d’Land an d’Stad Lëtzebuerg staark gepräägt huet. Hien hätt sech mat Leif a Séil engagéiert. Als Diplomat, als Chef de Cabinet, als Staatssekretär, als Deputéierten, als Stater Député-maire an als Entrepreneur.

D’DP beschreift de Paul Helminger als weltgewandt a sengem Optrieden an als e Mënsch, deen ëmmer op war fir nei Entwécklungen. Am Liewen an der Politik an och an der Wirtschaft.

Mat senger Dynamik a sengem Optimismus hätt hien et ëmmer erëm fäerdeg bruecht, d’Leit fir nei Projeten an nei Weeër ze begeeschteren.

PDF: Schreiwes vun der DP

Back to Top
CIM LOGO