D'Transparenzgesetz vun 2018 léist säi Verspriechen net an!
Dat sot de Roger Infalt, Generalsekretär vun der Aljp op der Pressekonferenz mam Titel "Informatiounszougang elo!"
D'Transparenzgesetz vun 2018 garantéiert keen Accès op Informatiounen, mee nëmmen op Dokumenter. Dat mécht d’Sich no Donnéeë laangwiereg a schwéier. Fir deem entgéintzewierken, huet d’Journalistenassociatioun sech dowéinst mat enger Dosen aneren Acteuren zesummegedoen an eng Campagne lancéiert. D’Fuerderung ass däitlech: “Informatiounszougang elo!”.
Lëtzebuerg wier nämlech am Verglach mat aneren europäesche Länner, wat Transparenz ugeet, ganz wäit hannen. Dobäi kënnt bei eis am Land déi sougenannte Circulaire Bettel, déi et den Administratiounen net erlaabt, ouni de Feu vert vu ganz uewen, ze kommunizéieren.
"Dat bedeit awer, datt esouguer bei sou ridicullen Ufroe wéi zum Beispill enger Statistik iwwer eng Schoul, do misste sech d'Pressespriecher fir d'éischt emol den Ok huele vum Déngschtchef, muss sech duerno den Ok huele vum jeeweilegen Departement, obwuel et just ëm eng Zuel geet".
Esou d’Ines Kurschat, Presidentin vun der ALJP.
Beispiller vun intransparenten Administratioune goufen e Méindeg de Moien eng ganz Rei genannt. Rieds goung vu Ministèren, déi sech net responsabel fillen an d’Presseufro un en anere Ministère weiderreechen oder Kommunikatiounsservicer, déi spéit oder net genee op d’Froen äntweren. De Roger Infalt, Generalsekretär vun der Aljp, gesäit déi Entwécklung an de leschte Joer ganz kritesch.
"D'Zuel vun de Journalisten ass an de leschten 10 Joer net méi gewuess hei zu Lëtzebuerg. Mee d'Zuel vun de PR-Leit, dat heescht Realtion-publiques-Leit an de Ministèren, Verwaltungen, Klinicken, Schoulen, wat och ëmmer, déi huet sech verdräifacht an 10 Joer. Mir kréien do quasi net méi dohannert gekuckt, mir ginn do ofgeblockt a mir kommen net méi un déi Leit, mat deene mir gär géife schwätzen."
D’Recht op e gudden Informatiounszougang fir Journalisten a Journalistinnen soll dofir an d’Pressegesetz verankert ginn. Doduerch géing eng Rechtsgrondlag entstoen, déi et den Vertrieder vun der Presse erlaabt, op e séieren a kompletten Accès zu Informatiounen ze bestoen.
Donieft gëtt awer och eng Reform vum Transparenzgesetz gefuerdert. Fir dass net nëmmen d’Presse, mee eben och Organisatiounen oder Privatleit wichteg Informatiounen ufroe kënnen. Acteure wéi Greenpeace, den OGBL, d’Asti oder d’Unesco ënnerstëtzen d’Campagne dowéinst.
D’Blanche Weber vum Movement Ecologique, freet sech, viru wat d’Dräierkoalitioun Angscht huet.
"Mir brauche mündeg Bierger an alles dat hänkt domat zesummen, dass d'Regierung net zou mécht a sech cloisonéiert an Informatiounen quasi verhënnert, dass se mussen erausgi ginn, mee sech op mécht a seet, mir wëllen an den Dialog an d'Informatioun trieden, well mer nëmme mengen, dass mer esou eng Zukunftsgestaltung hikréien."
De Problem beim Transparenzgesetz ass, dass nëmmen “Documents administratifs” kënnen ugefrot ginn. Administratioune géinge sech awer hannert dem Argument verstoppen, dass dat ugefrotent Dokument net dorënner fält. D’Transparenzgesetz suergt deemno net wierklech fir Transparenz.
Fir den 3. Mee huet d'Aljp mat enger Dosen aneren Acteuren en Protestpiquet virun der Chamber annoncéiert. Fir dass déi jorelaang Fuerderung no engem Recht op Informatiounen endlech an d'Rulle kënnt.