DikrechEt gloust nach ëmmer an der aler Brauerei

RTL Lëtzebuerg
Nom Groussbrand de leschte Sonndeg, ass et um Donneschdeg d'Nouvelle, dass de Brand nach ëmmer net komplett geläscht ass.
© Frank Rosch (Archiv)

D’Feier war jo an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg an der fréierer Zockerfabrick ausgebrach an eng 100 Pompjeeë waren un de Läschaarbechte bedeelegt.

Elo um Donneschdeg gouf RTL gewuer, dass d’Feier wuel nach ëmmer net komplett geläscht wier. Et géifen ëmmer nach Glous-Näschter ginn, wouduerch een nach net op de Site kéint goen, fir sech e geneet Bild vum Schued ze maachen.

Groussbrand an der aler Brauerei zu Dikrech (18.4.2021)

Back to Top
CIM LOGO