E Mëttwoch hunn d'Beamte vun der Police 3 Permisen agezunn, well d'Automobilisten däitlech ze séier waren.

D'Police zitt de Bilan vum sougenannte "Speedmarathon" e Mëttwoch. Et goufen alles an allem 215 Vitesskontrollen um ganzen Territoire gemaach. Zwee mobil Radaren, déi installéiert gi waren, hu bal 1.150 mol geblëtzt, 424 Leit kruten eng Geldstrof, 230 Leit dovunner hu missen 49 Euro bezuelen. Déi aner 145 Euro. Et goufen 24 Protokoller geschriwwen an 3 Führerschäiner goufen op der Plaz agezunn. Ee vun de Chaufferen war mat 182 ënnerwee wou nëmmen 90 erlaabt war.