An der Gemeng Sandweiler konnten e Sonndeg eng 1.800 Walberechtegter vun 3.600 Awunner bei engem Referendum hir Stëmm ofginn. Dobäi goung et drëm, ob dat aktuellt Gemengegebai soll renovéiert ginn oder ob et soll ofgerappt ginn an en neit op seng Plaz kommen. Doriwwer streiden Oppositioun a Majoritéit am Gemengerot well zanter engem Joer.
Hei sote ronn Dräivéierel vun deene Leit, déi ofgestëmmt hunn, nämlech 1.016 Leit, datt dat aktuellt Gebai net soll ofgerappt ginn an 358 Bierger waren der Meenung, datt en neit Gebai soll gebaut ginn.
De Referendum ass consultativ an et ass net kloer, wat den Ausgang vun dësem fir Konsequenze wäert hunn.
De Schäfferot huet Wësse gedoen, datt een um Sonndeg keng Decisioun géing huelen an datt een an der Woch wéilt heiriwwer beroden.

Virum Referendum: Neie Projet vu Sandweiler Märei presentéiert
E Referendum, dee Froen opwerft: “Wëllt Dir eng nei Gemeng op den aktuelle Site?”