D’Gewerkschaften hu fir den Dag vun der Aarbecht en Ëmdenken an der nationaler, ewéi och europäescher Politik gefuerdert. Et wier och eng Opwäertung vun de System-Relevante-Beruffer néideg. An der Ried vum LCGB, déi iwwer Facebook gestreamed gouf, huet de President Patrick Dury, zu Dummeldeng am Parc Hotel virun allem d’Europäesch Unioun iwwer 10 Minutte ferm an d’Gebiet geholl.