Oppe Strukture fir Famillje mat Kanner, deenen hiren Asyluntrag ofgeleent gouf
© RTL-Archiv
D'Aspäre vun engem Kand wier ni de richtege Wee, huet de Jurist vun der CCDH, de Max Mousel ënnerstrach.
Mannerjäreger däerfen op kee Fall am Centre de rétention agespaart ginn. Weder eleng, nach mat hirer Famill. Zu dësem Avis ass déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH no hirer Analys vum Projet de loi komm, deen déi Lénk deposéiert hunn. „E Migrantekand ass virun allem e Kand, an eréischt an zweeter Linn e Migrant", ënnersträicht de President vun der Mënscherechtskommissioun, de Gilbert Pregno wärend der Presentatioun vum Avis. Kanner aspäre kéint nämlech wäitreechend negativ Auswierkungen op hir psychesch Gesondheet hunn, och wann et nëmme fir eng kuerz Zäit wier.
Dëst widdersprécht dem Fait, datt zu Lëtzebuerg Mannerjäreger kënne mat hire Familljen, deenen hiren Asyluntrag ofgeleent gouf, bis zu 7 Deeg um Findel am eenzege Centre de rétention vum Land festgehale ginn. Aktuell Zuele konnten net genannt ginn, ma aus enger parlamentarescher Fro vum 11. Dezember 2019 geet ervir, datt tëscht Abrëll a September 2017 am Ganzen 10 Mineure fir méi laang wéi 3 Deeg am Centre de rétention festgehale goufen. Onbegleete Mannerjäreger géingen hei awer net méi ënnerbruecht ginn.
„An der Proposition de loi geet et dorëmmer, fir et gesetzlech ze verbidden, datt Kanner, déi an enger Migratiounssituatioun sinn, an e Centre de rétention kënne gesat ginn", ënnersträicht de Jurist vun der CCDH, de Max Mousel. Well d'Aspäre vun engem Kand wier ni de richtege Wee. Dofir wier et absolut néideg, datt fir Familljen, déi an deem Fall sinn, spezifesch oppe Strukture geschaaft ginn. Dobäi kéint ee sech da méiglecherweis um belsche Modell orientéieren. Och wann ee misst an deem Fall e puer Modifikatiounen um Modell virhuelen.
Zum Beispill kéint ee fir déi concernéiert Familljen e System en place setzen, wou déi Betraffen eng Obligatioun hätten, sech reegelméisseg bei den Autoritéiten ze mellen. Oder, datt si hire Pass oder d'Identitéitspabeiere missten ofginn. Alles dat wiere Pisten, un déi ee kéint denken, wéi de Max Mousel betount.
Schonn 2013 war am Koalitiounsofkommes festgehale ginn, datt mussen Alternative fonnt ginn, datt keng Mannerjäreger méi am Centre de rétention ënnerbruecht ginn. 9 Joer wier dat hier, an an dëse wier näischt geschitt... Nëmme gekuckt ginn, sou de Gilbert Pregno. Elo hofft d'CCDH, datt d'Regierung hir momentan Haltung iwwerdenkt a séier handelt. Sou datt d'Rechter vum Kand respektéiert ginn a keng Kanner méi agespaart ginn.