Zanter November bitt d’Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés mat der Hëllef vu Benevolle virtuell Sprooch-Seancen un.

D’Zil vun de Sprooch-Seancen ass et, dass d’Leit ongenéiert an ouni mussen un d’Grammaire ze denken, fräi kënne schwätzen. Ergänzend zu de reguläre Sproochecoursen kann eng Persoun, déi grad eng Sprooch geléiert huet oder am Gaang ass, ze léieren, sech eemol d’Woch an engem Gespréich mat engem Benevole austauschen.

Ma och d’Benevollen hunn eppes dovun, si léieren nei Kulture kennen. Virun allem awer maache se eppes Guddes fir d’Gesellschaft. Ma heiansdo wonneren och si sech iwwer d'Reegelen oder Ausdréck am Lëtzebuergeschen. Deemno léiere si och net aus. D’Leit, déi um Projet deelhuelen, si vun all Alter ewéi och verschiddene Gesellschaftsschichten.

Ee vun de Benevollen ass de Gusty Feyder, dee positiv iwwert de Succès vum Projet iwwerrascht ass: "Et huet mech am Fong e bëssi iwwerrascht, wéi vill Leit a wéi vill verschidden, divers Leit Lëtzebuergesch wëlle leieren."