Wéi geet et de Jugendlechen?Zwou jonk Schülerinnen iwwer dat Erliefte wärend der Pandemie

Pierre Weimerskirch
Wéi geet et aktuell de Jonken a wéi hu si déi lescht Méint erlieft? Mir waren e puer Jugendlechen de Bols fillen.
Eng Stëmm fir déi Jonk
Wéi geet et aktuell de Jonken a wéi hu si déi lescht Méint erlieft? RTL huet nogefrot.

Fuerscherinne vun der Uni Lëtzebuerg hunn an enger Etüd erausfonnt, datt ee manner héicht Wuelbefannen ënnert anerem domat verbonne wier, ee Meedchen ze sinn, e méi niddrege sozio-ekonomesche Status ze hunn an och wéi zefridden ee virun der der Pandemie war.

Et gëtt vill iwwert déi Jonk geschwat, mir wollten och emol mat Jonke schwätzen, wéi sinn di aktuell Situatioun gesinn a wéi et hinne geet. Mir sinn zu Esch an d’Jugendhaus gaangen an hunn do mam Sophie, enger Schülerin vu 16 Joer, déi zu Esch an de Lycée geet, an dem Lali, enger Schülerin vu 15 Joer, déi zu Diddeleng an d’Schoul geet, geschwat.

Dat Erlieften ass eppes, wat déi Jonk beweegt, bedréckt, zum Nodenke bréngt. D’Lali huet 15 Joer, déi schwieregst Zäit wier wärend dem éischte Lockdown gewiescht. Och an de Famillje wier et net ëmmer einfach gewiescht. Vill Zäit op enkem Raum hätt ee verbruecht, en Ausgläich an Austausch mat Frënn, Kolleegen oder anere Bezuchspersoune wier kaum méiglech gewiescht a wann, dann digital. De Wonsch no Normalitéit, ouni Mask am Alldag ass grouss. Ma och de Wonsch, datt méi op Jugendlecher gelauschtert gëtt.

Lauschtert de Podcast Nogehaakt zum Thema Wuelbefanne vu Jonken.

Wuelbefanne bei Jugendleche wärend Pandemie: “D’Angscht virun der Krankheet am Grand-Duché besonnesch ausgepräägt”

Back to Top
CIM LOGO