
Et gëtt keng Ausgangsspär méi.
Doheem dierfen nees bis zu 10 Leit empfaange ginn, virdru war d’Limitatioun op 4 Leit.
Et dierf een nees Alkohol an der Ëffentlechkeet consomméieren.
An der Schoul brauchen d’Kanner keng Mask méi am Schoulhaff ze droen.
Leit, déi géint de Coronavirus geimpft sinn oder déi no enger Infektioun geheelt sinn, mussen net méi a Quarantän, wa si Kontakt mat enger infizéierter Persoun haten. Als geheelt gëllt een den 11. Dag no senger Infektioun.
D’Schnelltester, déi vu Professionelle gemaach ginn, sinn elo net méi 24, mee 48 Stonne laang gülteg.
D’Spärstonn an de Restauranten a Caféen ass nees normal. Diskoe kënnen och nees fräi Nuechte bei der Gemeng ufroen (d’Stad Lëtzebuerg huet decidéiert, bis de 15. Juli nëmme fräi Nuechte bis 3 Auer an net bis 6 Auer z’autoriséieren.
Banne gëllt:
D’Caféen an d’Restaurante musse sech fir ee vun deenen 2 Systemer decidéieren. Gëtt de CovidCheck gewielt, muss dat bausse vum Etablissement affichéiert ginn.
Rassemblementer bis 300 Persoune si méiglech:
Evenementer mat bis zu 2’000 Leit sinn och méiglech, an deem Fall mussen d’Organisateuren e sanitäert Konzept bei der Santé virleeën an autoriséiert kréien.
Beim Sport gëllen dës Reegele fir Leit, déi net geimpft, negativ getest oder geheelt sinn:
Och fir d’Museker falen d’Reegelen ewech, wann ee geimpft, negativ getest oder geheelt ass. Fir déi aner gëllt:
Et gëtt elo eng Test-Flicht fir Professioneller aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur, wéi Dokteren, Apdikter, Infirmieren, ... Si mussen 3 mol an der Woch e Schnelltest maachen, et sief da se si geimpft oder geheelt. Och extern Prestatairen a Visiteure mussen e Schnelltest maachen, iert se an e Spidol oder en Alters- oder Fleegeheem eraginn.
Bei der Arees op Lëtzebuerg mam Fliger gëllt och elo de CovidCheck-System.
Méi zum CovidCheck
