Um Mëttwoch de Moien huet de fréiere President vun der CSV op RTL Radio op en eventuelle Prozess an eng Kommunikatioun vum Parquet reagéiert.

Ech verstinn de Communiqué vum Parquet net richteg. Do géif vun engem eventuelle Prozess rieds goen. Dorausser schléissen ech, datt de Parquet selwer nach net decidéiert ass, ob et zu engem Prozess soll kommen oder net. Ma, parallel géif awer schonn en Zäitpunkt genannt ginn. Sou sot et de Frank Engel an RTL-Moiesjournal, als Reaktioun op de Communiqué vum Parquet vun en Dënschdeg den Owend, dass d'Ermëttlunge ronderëm en Aarbechtskontrakt tëscht him an dem CSV-Frëndeskrees ofgeschloss wieren, an et zu engem Prozess nach virum Enn vum Joer kéint kommen.

Hie géif elo drop waarden, datt sech de Parquet, respektiv déi zoustänneg Instanzen, do méi däitlech artikuléieren. De Frank Engel fënnt et och e bëssen holpreg an der Lëtzebuerger Prozess-Uerdnung, datt de Concernéierten esou Saachen iwwert d'Medie gewuer géif.

Allgemeng nennt den Ex-CSV-Parteipresident déi ganz Affär eng onméiglech Demarche vis-à-vis vun him. Déi Leit, déi bedeelegt waren oder Näischt dogéint gemaach hätten, hätte besser gehat, sech ëm hir Saachen ze bekëmmeren. Do hätte se genuch ze di gehat.

Wat seng eege Partei ugeet, mat där hie bei de Gemengewalen an zwee Joer wëll matgoen, sot de Frank Engel, datt Gespréicher géife lafen.

Frank Engel iwwer méigleche Prozess/Interview Joël Detaille