Franz FayotWirtschaft vu muer soll nohalteg a kompetitiv sinn

Pit Everling
Jeannot Ries
Mir hunn d'Kris gutt iwwerstanen, ma lo musse mer eis eng feuille de route ginn, fir eng kompetitiv an nohalteg Wirtschaft vu muer, esou de Franz Fayot.
Wirtschaft vu muer soll nohalteg a kompetitiv sinn
Mir hunn d’Kris gutt iwwerstanen, ma lo musse mer eis eng feuille de route ginn, fir eng kompetitiv an nohalteg Wirtschaft vu muer, esou de Franz Fayot.

Ekonomesch Relance / Reportage Pit Everling

Wéi gesäit d’Lëtzebuerger Ekonomie am Joer 2025 aus?

Digital, kompetitiv an nohalteg, seet de Wirtschaftsminister Franz Fayot, deen e Méindeg seng Pläng fir d’ekonomesch Relance presentéiert huet. De Fokus läit do ganz kloer op der Digitaliséierung.

Mir hunn d‘Kris gutt iwwerstanen, ma lo musse mer eis eng feuille de route gi fir déi nächst Joren, sou de Wirtschaftsminister Franz Fayot. Et wëll een d’Lektiounen aus der Kris mathuelen an déi global Tendenzen net verpassen, wéi de Klimawandel, d’Regionaliséierung an natierlech d’Digitaliséierung.

D’Lëtzebuerger Ekonomie nach méi digital maachen, dat ass dann och eng vun de grousse Prioritéite vum Relance-Plang. Hei geet et drëm, fir Lëtzebuerg als Laboratoire vun der Digitalisatioun a ganz Europa opzestellen, sou de Franz Fayot.

Ee prioritäre Beräich wier do de Gesondheets-Domän oder nach d’Mobilitéit. D’Smart Mobility an de Stied an autonom Autoe solle favoriséiert ginn.

Bei der Digitaliséierung dierft d’Nohaltegkeet net vergiess ginn. Den Impakt op d’Ëmwelt soll méi kleng gestallt ginn, dat heescht et wëll ee méi eng gréng Digitaliséierung. 10% vun der Energie gëtt vum ICT-Beräich opgebraucht, et ass also en energieintensive Secteur, sou de Franz Fayot.

Am Ganze notéiert den Ekonomiesminister 6 Ambitiounen, déi sollen erfëllt sinn. Dozou gehéiert och d‘Kreeslafwirtschaft, déi op Basis vun digitalen Technologië soll Realitéit ginn. Eng vun de 6 Pilot-Aktioune betrëfft dëse Beräich. Dem Wirtschaftsminister no geet et drëm, fir eis zukünfteg Zones d’activités économiques op eng kreeslafwirtschafts-konform Aart a Weis ze plangen. Zum Beispill beim Parking.

Zu Biissen ginn zum Beispill modulär Parkinge gebaut, déi kënnen zeréckgebaut ginn, wann a puer Joer manner Autoen op déi Plaz kommen, sou de Franz Fayot.

Eng weider Pilotaktioun betrëfft d’Schafe vun enger nationaler Plattform fir Technologien. Nieft Biissen sollen nach weider Zenteren entstoen, e Campus fir d’Gesondheetstechnologien an e Campus fir Space-Aktivitéiten. Hei kéint een à ce stade awer nach net méi verroden, sou de Minister.

D‘Prozesser an den Entreprisë sollen nach méi resilient ginn, sou de Franz Fayot. D’Sécherheet beim Transfert vun den Donnéeë géif grouss geschriwwe ginn. Hei soll eng securiséiert Cloud-Realitéit ginn. An da soll och nach e favorabelt Ëmfeld fir Investisseurë geschafe ginn, sou de Minister weider.

PDF: Feuille de route pour une économie compétitive et durable 2025 Présentation «Ons Wirtschaft vu muer»

Back to Top
CIM LOGO