StaatsministèreXavier Bettel positiv op de Coronavirus getest

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Selbsttest, deen de Premier um Sonndeg de Moie gemaach huet, koum eraus, datt hie positiv op de Covid-19 ass.

De Xavier Bettel huet sech doropshin direkt an Auto-Isolatioun gesat, ganz no den Dispositioune vun der Santé. E PCR-Test huet d’Resultat vum Schnelltest confirméiert, esou datt de Premier elo emol fir 10 Deeg an Isolatioun wäert sinn.

Aktuell huet de Xavier Bettel liicht Symptomer, Féiwer a Kappwéi, ma wäert senge Funktiounen awer weider nokommen, dat via Télétravail.

De Premierminister war jo schonn eng Kéier Mëtt Dezember 2020 an Auto-Quarantän, dat no engem Treffe mam franséisch President Emmanuel Macron, dee kuerz dono positiv op de Virus getest gouf. Nach e Samschdeg am Background am Gespréich op RTL Radio Lëtzebuerg sot de Xavier Bettel, datt hien den nächsten Donneschdeg seng zweet Impfung AstraZeneca sollt kréien.

Positiv, obwuel een eng 1. Kéier geimpft gouf?

Wéi de Pierre Weimerskirch am Mëttesjournal e Méindeg präziséiert huet, ass zwar no enger 1. Impfung en Deelschutz do, ma eng 2. Impfdosis ass awer néideg, dat mat enger Waardezäit vun 2 Wochen, fir dass de Vaccin voll wierke kann.

Bei der Delta-Variant ass et esou, dass de Biontech bei der 1. Dosis nëmmen zu 33% schützt, bei der 2. Impfung sinn et 88%, oder 66% beim Impfstoff vun AstraZeneca. Virun allem bei den neie Varianten ass et also wichteg déi 2. Impfung wouer ze huelen, déi dann en héije Schutz an eng Hospitalisatioun wéinst engem schwéiere Verlaf ëm 90% miniméiert.Et wier dann weider wichteg och op CovidCheck-Rassemblementer eventuell virdrun e Selbsttest ze maachen, genee sou wéi dat och de Premierminister Xavier Bettel gemaach huet.

De Communiqué

Xavier Bettel testé positif à la Covid-19 (27.06.2021)

Communiqué par: ministère d’État

Suite à un auto-test effectué ce jour qui s’est avéré positif, le Premier ministre, ministre d’État, Xavier Bettel, s’est placé ce matin en auto-isolement conformément aux dispositions prévues par la Direction de la Santé.

Un test PCR effectué par la suite a confirmé ce résultat et le Premier ministre est en isolement, pour une durée de 10 jours.

Le Premier ministre présente actuellement des légers symptômes (fièvre, maux de tête) et continuera à exercer ses tâches et ses fonctions, ceci par la voie du télétravail.

Back to Top
CIM LOGO