Keng Iwwerschwemmungsgefor op der Musel
Wärend Géigende wéi Iechternach oder Hesper uerg getraff goufen, ass een ënnert anerem zu Schengen gutt dovukomm.
Laanscht d'Musel sinn d'Awunner reegelméisseg mat Héichwaasser konfrontéiert. Bei de rezente Iwwerschwemmunge ware Gemengen ewéi Réimech a Schengen awer manner betraff. Elo, wou d'Waasser op de meeschte Plazen am Land zeréckgeet, ass de Peegel vun der Musel zënter e Samschdeg de Moien awer geklommen.
Wien dëse Weekend laanscht d'Musel wëll spadséiere goen, huet besser e puer Gummisstiwwelen anzepaken. Schonn e Samschdeg den Owend huet d'Gemeng Schengen d'Awunner opgefuerdert gehat, hir Autoen ze réckelen. Am fréie Moien du gouf d'Strooss fir den Trafic gespaart, well dës deelweis ënner Waasser steet. No e puer Stonnen, wou d'Waasser konstant geklommen ass, huet sech d'Situatioun am Laf vum Nomëtteg stabiliséiert. "Vom Pegelstand selbst vermuten wir von unserer Seite, dass der Pegelstand momentan seinen Scheitel erreicht hat, somit stabil ist und in den nächsten Stunden wahrscheinlich wieder sinken wird", sou de Markus Biewer, Wasserstraßen und Schifffahrtsamt Saarbrécken.
Och e puer Awunner waren op der Plaz an hunn dem Waasser beim Klammen nogekuckt. Déi eng ware méi besuergt, déi aner manner:
"Je pense que les gens ici sont habitués, donc il n'y aura pas trop de dégâts comparé avec ce qu'il y a eu ailleurs. Je pense que la Moselle monte bien après toutes les autres rivières. Donc ici je ne pense pas que les gens sont trop paniqués."
"All Joers, wann d'Musel klëmmt, huet een ëmmer bëssen Angscht, dass elo sou eng Katastroph kënnt, wéi et elo op anere Plaze koum."
Déi Angscht wier awer net begrënnt. Et wier éischter onwarscheinlech, dass d'Musel elo nach esou héich klëmmt, dass d'Waasser bis un d'Haiser kënnt.
"Et klëmmt nach e bëssen an da wäert et am Laf vum Sonndeg rëm zeréckgoen. D'Musel ass och Staustufereguléiert. Dat heescht, do huet een eng gewësse Virlafzäit an et huet een och eng Méiglechkeet, do och besser regléiert op en Héichwaasser anzegräifen", erkläert de Jean-Paul Lickes.
Zu Schengen wäert et also bei engem iwwerschwemmte Spadséierwee bleiwen. Hei ass een also nach gutt dovu komm.