Wärend der Corona-Kris huet d'Wirtschaft op der ganzer Welt jo ferme gelidden.

Allerdéngs gëtt et och Beräicher, wou et an de leschten 18 Méint besser gelaf ass wéi virum Ausbroch vun der Pandemie. Rieds ass vum Secteur vun de Supermarchéen. Dat confirméiert den zoustännege Mëttelstandsminister Lex Delles op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Burton an Di Bartolomeo a baséiert sech op Zuele vum Statec.

Am Corona-Joer 2020 huet dee Secteur hei am Land e Wuesstem vun iwwer 9% géintiwwer 2019 kannt an och am éischten Trimester vun dësem Joer war et schonn e Plus vu 7,8%. Virun allem wärend dem éischte Lockdown hätten d'Supermarchéen dovunner profitéiert, dass den Eenzelhandel, deen als net essentiell agestuuft gouf, net duerft opmaachen.

Am däitlechsten impaktéiert wieren d'Tankstelle gewiescht, wou den Ëmsaz ëm bal 16% agebrach war.