Dofir gouf et verschidden Aarbechtsgruppen, vun deenen déi lescht Dräi och elo ofgeschloss sinn. 6 Reunioune gouf et bis ewell, plus eng 40 Aarbechtsgruppe ware beieneen. An de leschten 3 grousse Reunioune goung et ëm de Finanzement, déi nei Technologien an d’Preventioun.
An engem éischten Tëschebilan, deen am Februar gezu gouf, ware scho verschidden Elementer zeréckbehale ginn, beispillsweis, dass fräiberufflech Gesondheetsberuffler d’Méiglechkeet kréien, sech zesummen ze dinn an eng Societéit ze grënnen. Doduerch kéinte méi grouss a modern Praxissen entstoen. Bei der Preventioun wëll ee carrément e Paradigmewiessel, seet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
De Collège médical an de Conseil supérieur vu verschiddene Beruffsgruppe solle reforméiert ginn, fir hir Interesse vis-à-vis vun der Politik besser kënnen auszedrécken.
Aktuell gëtt jo och iwwer méi kleng dezentral Strukture baussent de Spideeler geschwat. Vun engem medezineschen Zenter zu Jonglënster ass rieds – nach gëtt et dofir awer net dat néidegt Gesetz. Nach ass et och net souwäit, sou d’Paulette Lenert.
D’Gesellschaftsforme fir Doktere wäerten nach virun der Summerpaus duerch de Regierungsrot goen. Eng nei Reegelung fir den Asaz vu Scanneren an IRMen zum Beispill soll am Hierscht virleien.
