1 Joer Beruffsverbuet?Den Dr. Benoît Ochs geet an Appell

RTL Lëtzebuerg
No der Decisioun vum Conseil de Discipline vum Collège Médical, fir dem Dr. Ochs e Beruffsverbuet vun 1 Joer opzëerleeën, geet de Medezinner an Appell.
© RTL-Archiv

Dës Informatioun krut de Radio 100,7 vum Affekot vum Dokter, dem Maître Christian Bock, confirméiert.

De Generalist, dee säi Cabinet zu Gonnereng huet, war de 14. Juli an 1. Instanz wéinst Verstéiss géint eng Partie Artikelen aus dem Deontologieskodex verurteelt ginn.

Et goung ëm kontrovers ëffentlech Aussoen am Kader vun der Corona-Pandemie an ëm dem Medezinner säin Ëmgang mat de Corona-Mesuren.

Verdikt: Den Dr. Benoît Ochs dierf 1 Joer net exerzéieren (14.7.21)

Back to Top
CIM LOGO