Ronn eng Dose Leit zu Islamabad gelant, dorënner Famill mat 3 Kanner
Wéi de François Bausch RTL géintiwwer confirméiert, wieren déi betraffe Persounen, déi an de Grand-Duché solle bruecht ginn, a Sécherheet.
Nieft der Lëtzebuerger Famill mat 3 Kanner an den 3 Männer mat Lien op Lëtzebuerg waren och nach weider Persounen am Fliger. Et handelt sech wuel ëm Familljememberen. De belsche Militärfliger, dee vun engem Lëtzebuerger Pilot geflu gouf, ass an der pakistanescher Haaptstad Islamabad gelant. An der Nuecht op e Mëttwoch gi si aus dem Pakistan op Melsbroek bruecht, wou si am Laf vum Moie sollen ukommen. Dës Evakuatioun geschitt am Kader vun de Vollen, déi d'belsch Arméi vu Kabul aus organiséiert huet.
Dem Defense-Minister François Bausch no hätt een d'Objektiver erreecht. E Mëttwoch de Mëtteg maachen den Ausseminister Jean Asselborn an de Verdeedegungsminister François Bausch de Point iwwert d'Situatioun am Afghanistan. RTL.lu iwwerdréit d'Pressekonferenz live vun 13 Auer un.
Nodeems ënnert anerem déi Lëtzebuerger Famill et no sëllege Versich op de Fluchhafen zu Kabul gepackt hat, ware si am éischte geplangten Evakuéierungsfluch net mat u Bord. Et gouf eisen Informatiounen no Diskussioune mat der belscher Arméi, déi verschiddene Persounen den Accès an de Fliger refuséiert hat.
Däitlech méi ewéi 200 Afghanen hätten iwwerdeems schonn eng Demande gemaach, fir am Grand-Duché opgeholl ze ginn, respektiv ee Visa aus humanitäre Grënn ze kréien. Dat hat de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn schonn am RTL-Interview an der Mëttesstonn erkläert.
En Offizéier an en Beamte vum Ausseministère fléien, wéi et heescht, nawell an d'Regioun. Et géif drëms goen, de Partner-Länner ze weisen, dass een och eng Hand wëll mat upaken, esou de Jean Asselborn.
Jean Asselborn erkläert den deels komplizéierten Oflaf vum Dënschdeg zu Kabul
Um Sonndeg den Owend war den Ausseminister Jean Asselborn live am Studio vun RTL Tëlee Lëtzebuerg. De Minister erkläert, datt dat Wichtegst um Dënschdeg war, déi Lëtzebuerger Famill op de Fluchhafen ze kréien, wat no verschidden Hürden a mat Hëllef vun de Belsch och gelongen ass. Blockéiert ware se dunn awer virum Fluch, well et verschidden administrativ Problemer gouf. Lëtzebuerg huet dunn d'Belsch iwwerzeegt, d'Leit duerchzeloossen, nodeem Lëtzebuerg verschidde Zousoe gemaach huet. D'Famill vun den Eltere mat den dräi Kanner an der Famill war d'Prioritéit vun de Lëtzebuerger, ma donieft gouf och eng afghanesch Riichterin mat hirer Famill matgeholl, dat nodeem de Geriichtshaff ma och aner Partner Lëtzebuerg gefrot, dës Leit matzehuelen. Doduerch huet een och méi Leit mat erausgeflunn, wéi een Ufanks geduecht huet. "Besser méi, wéi manner" esou de Minister, dee preziséiert, datt d'Zuel vu 14 Leit um Fluch ganz realistesch wier.
Direkt an der Nuecht kéinte mat enger belscher Maschinn dës Leit zeréck op Lëtzebuerg bruecht ginn, wou der zwou elo an der Nuecht starten. Ma well awer nach vill Leit zu Islamabad um Fluchhafen op hir Ofrees waarden, an déi als éischt do waren, gi prioritär matgeholl, kéint et awer och sinn, datt d'Famill nach eng Nuecht misst am Pakistan verbréngen, éier si op Lëtzebuerg kënnt.
Op d'Situatioun vun den afghanesche Flüchtlingen, déi scho méi laang hei am Land sinn an nach kee Statut hunn, huet de Jean Asselborn präziséiert, datt een zanter 2015 nach keen Afghan zeréck a säi Land geschéckt hätt. Aktuell kritt een dann och nach méi Ufroen vun Afghanen, fir hir Familljen an d'Land ze kréien. An hei wëll ee säi Bescht maachen, dëst hinzekréien, ma d'Leit mussen dofir awer selwer op Lëtzebuerg kommen, fir dat ze maachen.
Afghanen, deenen hir Demande op Asyl ofgeleent goufen, mussen elo e Recours viru Geriicht maachen. De Ministère wëll hei awer large bleiwen. Ma, präziséiert de Jean Asselborn, et ass en Ënnerscheet, op enger Persoun hir Demande ofgeleent gëtt a si direkt zeréckgeschéckt gëtt, oder op se ofgeleent gëtt an d'Persoun awer, wa se am Land schafft, hei weider hiert d'Liewe ka maachen.
Weider hofft de Jean Asselborn, datt ee sech als EU an och als Nato Drock opbaut, datt ee méi laang Evakuatioune ka maachen. Wéi dat awer soll ausgesinn, kann een haut nach net soen. Dem Lëtzebuerger Ausseminister dogéint deet leed, datt d'EU aktuell net kapabel ass hir Aussoen an hir Dote a puncto Mënscherechter iwwertenaner ze bréngen. Well d'Kanadier an och d'Britten hu jo zougesot, fir e puer zéngdausende Flüchtlingen aus dem Afghanistan opzehuelen.
Spezialiséierten Affekot fuerdert Verbesserung vum Asylrecht fir Afghanen
Dem Maître Franck Greff no misst een elo am neien Kontext d'Asylrecht fir Afghanen änneren. Hien huet sech zesumme mat néng aneren Affekoten, déi op Asylprozedure spezialiséiert sinn, an dem Bâtonnier sortant getraff, fir sech ze beroden. D'Juristen hu wëlles, déi concernéiert Dossieren elo prioritär a méi séier ze traitéieren. Ëmmerhin gëtt et zu Lëtzebuerg Leit aus dem Afghanistan, déi den Statut vum Refugié kruten, seet de Maître Greff.
Anerer kruten awer e Refus. Do musse mir den Administratiounen weisen, dass d'Situatioun changéiert huet. Eise Clienten hir administrativ Situatioun ass elo eng aner. An wéinst der politescher Situatioun am Afghanistan muss hir eegen Situatioun verbessert ginn.
Déi Dossiere missten also nei evaluéiert ginn, esou nach de Franck Greff, deen als Affekot op Asylprozeduren spezialiséiert ass.