Méi wéi 40% vun der Kriminalitéit am Land géing am Garer Quartier constatéiert ginn, dat sot d'Lydie Polfer den Dënschdeg de Moien am RTL-Interview.

Affär Stater Gare/Reportage Annick Goerens

Et geet mëttlerweil net méi ëm den Incident, wou jo e Mann vun engem Hond vun engem private Sécherheetsbeamten an d'Bee gebass gouf.

Wéi scho gesot huet dëse Virfall elo just d'Faass vun der Sécherheetsdebatt nees frësch opgemaach. D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer sot den Dënschdeg de Moien am Interview beim Pit Everling dat hei: "Ech mengen, d'Fakte leien do. Iwwer 40 Prozent vun der Kriminalitéit hei am Land - an dat sinn d'Zuele vun der Police - mécht sech op der Gare. Wann dat keng Fakte sinn, dat ass net eppes vu Sécherheetsgefill."

Déi Zuel huet de Policeminister awer korrigéiert. "D'Police presentéiert ëmmer am Fréijoer eng Statistik vun der Kriminalitéit am ganze Land an déi 40 Prozent bezéie sech op de Beräich vun der Kriminalitéit vun der Stad. Dat heescht op der Gare huet sech eng Konzentratioun gemaach vu 40 Prozent vun der Kriminalitéit am Beräich vun der Stad. An da muss een awer soen, dass déi Zuel vu 40 Prozent an de leschten Joren zougeholl huet, well mer (d'Police) grad an der Drogenzeen intensiv schaffen."

An deemno géingen och méi Verstéiss festgestallt ginn, sou de Policeminister. Et wier och net esou, dass näischt géing geschéien. Zanter dass hie Policeminister wier, géing hien nämlech zesumme mat all den Acteure schaffen, fir d'Drogekriminalitéit op der Stater Gare ze bekämpfen.

"Fir d'Drogeproblematik méi holistesch unzegoen. Dat heescht méi eng breet Approche ze hunn. Dat heescht eng Delokaliséierung vun den Drogen-Offeren, awer och vun de Strukturen, déi sech do ugesidelt hunn. Dir wësst, dass op der Gare sämtlech Hëllefsmoossname fir Drogenofhängeger ze fanne sinn. Do ass och den Abrigado, dee ka Sprëtzen zur Verfügung stellen. Dat huet sech alles konzentréiert ronderëm d'Gare. An doru schafft d'Regierung an ech wäert och mat de Regierungskolleege Mëtt Oktober eppes presentéieren, wou mer duerch de Regierungsrot domat ginn, also mat engem ganze Moossnamekatalog."

Mëtt Oktober soll also e ganze Mesuren-Katalog am Regierungsrot aviséiert - an dann der Ëffentlechkeet presentéiert ginn. D'Lydie Polfer hat den Dënschdeg de Moien dann och vum Policeminister verlaangt, datt e sech op den Terrain deplacéiert a mat de Leit schwätzt. Dozou huet den Henri Kox eng ganz kloer Ausso gemaach.

"Ech muss awer hei soen, dass et net un enger Buergermeeschtesch ass, fir den Agenda vun engem Minister ze bestëmmen. Ech si wuel bereet ze kommen, wann dëse Package duerch de Regierungsrot gaangen ass. An dat ass e breet-ugeluechte Package. Et ass jo net eleng d'Police, déi den Dossier hei ka léisen, mee nëmmen eng holistesch Approche, wéi ech virdru scho gesot hunn, dass déi 5 Ministere sech där Problematik och gestallt hunn. Ech sinn duerchaus bereet, fir zesumme mat de Kolleegen, de Bierger a Biergerinnen dat Konzept eng Kéier virzestellen, wa mer et bis ficeléiert an der Chamber presentéiert hunn."

Dat kéint natierlech zäitlech knapp ginn, well d'Buergermeeschtesch wëll d'Bierger nach virum 1. November - also virun dem Datum, wou de Kontrakt mat der privater Sécherheetsfirma ausleeft, ëm hir Meenung froen. Den neie Mesuren-Package, vun deem de Policeminister schwätzt, also fir d'Drogekriminalitéit op der Stater Gare ze bekämpfen an och d'Strukturen ze dezentraliséieren, dee soll jo awer eréischt Mëtt Oktober vum Regierungsrot aviséiert - an dann der Ëffentlechkeet presentéiert ginn.

Ob dësen neien Mesuren-Katalog der Drogeproblematik op der Stater Gare een Enn setzt oder d'Situatioun op d'mannst verbessert, bleift ofzewaarden. Deemno eng Affaire à suivre fir eis Redaktioun.