Kommissioun iwwerhëlt Propositioune vum Staatsrot

Dat neit Covid-Gesetz gëtt dës Woch net méi gestëmmt.
De Mëttwoch de Moien huet sech d'Santéskommissioun mam Avis vum Staatsrot beschäftegt an ass de Propositioune vun der Héijer Kierperschaft nokomm, fir déi zwou annoncéiert formell Oppositiounen opzehiewen. Dat sot eis de Mars di Bartolomeo, deen e Mëttwoch op en neits als Rapporter vum neie Gesetz genannt gouf. Engersäits gouf de Passage, vu wéini un d'Maskeflicht an der Schoul gëllt, präziséiert an anerersäits gëtt d'Entscheedungsrecht vum Direkter vun der Santé bei CovidCheck-Zertifikaten aus Drëttstaaten aus dem Text erausgeholl.
Vun der anerer Woch u gëtt den Accès an d'Spidol generell mat CovidCheck gereegelt. Livreure sinn allerdéngs ausgeschloss, grad wéi och Leit, déi an d'Urgence kommen.
De Rapport vum Gesetzprojet soll e Freideg an d'Kommissioun kommen an den Text dann a priori a spéitstens nächsten Dënschdeg am Plenum gestëmmt ginn. Déi aktuell Reegele si just nach bis deen Dag a Kraaft.
CCDH warnt virun Diskriminatioun a verhäerte Fronten nom Enn vun de gratis PCR-Tester
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun hirersäits mécht sech an hirem Avis vun de Mëttwoch de Moie Suergen iwwert den Zesummenhalt an der Gesellschaft no der Regierung hirer Annonce, fir nom 15. September keng gratis PCR-Tester méi z'offréieren a plädéiert fir eng inklusiv a pedagogesch Approche. E kategoresche Refus vun der Impfung, ouni medezinesch Grënn, wier zwar onsolidaresch. Op der anerer Säit fäert d'CCDH awer, datt Leit duerch hir gesondheetlech oder hir finanziell Situatioun grad wéi hir Konviktioun diskriminéiert kéinte ginn. Leit, déi sech bis elo net konnten impfe loossen, misste weider Zougang hunn zu de gratis Tester, insistéiert déi consultativ Mënscherechtskommissioun. Dat selwecht gëllt fir Persounen, déi en Test brauchen, fir an e medezineschen Etablissement eranzegoen. Déi nei Strategie kéint nefast Auswierkungen op eist Zesummeliewen hunn an d'Fronten nach méi verhäerten. Duerfir wier et sou wichteg, jiddereen ze sensibiliséieren an d'Leit mat aktualiséierte wëssenschaftlechen Informatiounen z'informéieren. D'Impfung wier jo deen effikasste Moyen aus der Pandemie eraus.