Police mécht 6 Plaintë wéinst Beleidegung a Menace

© Police-Archiv
D'Generaldirektioun vun der Police huet a 6 Fäll Plainte beim Parquet deposéiert. Dat am Zesummenhang mat den Ausernanersetzungen den 22. Juni.
Um Virowend vun Nationalfeierdag ware Polizisten a Leit, déi um Tuer waren, hannert dem Palais an der Stad unenee geroden. D'Police huet net dowéinst Plainten deposéiert, mä wéinst Messagen op de soziale Reseauen, sou d'Lëtzebuerger Wort e Méindeg de Moien. Poliziste waren um Internet beleidegt a souguer menacéiert ginn. Dem Wort no stécht besonnesch eng Foto ervir, op där een 3 Poliziste gesäit. E grénge Feil weist op ee vun hinnen an drënner steet (mat Schreiffeeler): „sale fdp tu vas regretter".
Bei den Ausernanersetzunge vum 22. Juni waren eenzel Zeene gefilmt ginn. Op d'mannst ee Polizist wier geschloe ginn. Op d'mannst ee Polizist hätt awer mat senger Matraque op Leit geschloen, a wéi puer Polizisten eng Persoun wollte bewältegen, gouf déi Persoun schwéier blesséiert. D'Generalinspektioun vun der Police ass mat zwou Enquêten amgaang, fir erauszefannen, ob d'Polizisten disproportionéiert gehandelt hätten an op der anerer Säit, ob et Iwwergrëff géint d'Police gouf.