Eng ronn 250 Affäre ginn et d'Joer an der Moyenne, wou Leit am ëffentleche Sécherheetsdéngscht agresséiert oder attackéiert goufen.

D'Zuel vun den Affäre goung tëscht 2019 an zejoert erop: vun 219 neien Affären op 292 gemellten Iwwergrëff op Polizisten, Pecherten, Leit vun de Rettungsdéngschter respektiv Kontrolleren oder Chaufferen op ëffentleche Linnen hei am Land. Net manner wéi 511 Affäre goufen also bannent zwee Joer opgemaach. An 88 Fäll gouf et eng Poursuite a 56 Leit goufe wéinst den Iwwergrëff op ëffentlecht Sécherheetspersonal verurteelt.

Dës Chiffere liwweren d'Ministere Kox an Tanson op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Roy Reding. Wéi vill Plainten et iwwert déi lescht Joren vu privatem Sécherheetspersonal goufen, dat am Optrag vum Staat bei ëffentleche Manifestatiounen am Asaz war, geet aus der parlamentarescher Äntwert net ervir.

Wat d'Police ugeet, sou goufen 2019 43 Beamten no Iwwergrëff verwonnt, zejoert waren et 20 Fäll vu blesséierte Polizisten, nodeems se kierperlech agresséiert goufen. Fir dës zwee Joer ass kee Fall bekannt, wou de Beamten no dësen Iwwergrëff net méi hätt kéinte schaffe goen.

Rectificatif: An enger éischter Versioun stoung am Artikel, déi 511 Fäll géinge sech op privat Sécherheetsdéngschter bezéien.