Uni.lu/ChancëgläichheetsministèreJongen a Meedercher ginn an de Schoulbicher ongläich duergestallt

Monica Camposeo
Fanny Kinsch
Grouss Ënnerscheeder ginn et virun allem a puncto Beruffer, déi d'Personnagen an de Bicher ausüben.
Etüd iwwer Gender an de Lëtzebuerger Schoulbicher
Grouss Ënnerscheeder ginn et virun allem a puncto Beruffer, déi d’Personnagen an de Bicher ausüben.

A Schoulbicher léieren d’Kanner net nëmme Mathé oder Franséisch, mä och wichteg Wäerter kennen. Do läit et no, dass Schoulbicher och eis Gesellschaft reflektéieren. Ma dat ass awer net de Fall, gouf elo an enger Etüd vun der Uni.lu an dem Chancëgläichheetsministère festgestallt. Et gi grouss Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter, virun allem, wéi eng Beruffer d’Männer an d’Fraen ausüben a wéi eng Aktivitéite si maachen.

Etüd iwwer Stereotyppen a Schoulbicher / Rep. Fanny Kinsch

Den Ënnerscheed fält op. En Ënnerscheed, deen d’Kanner u sech guer net maachen. Mä an de Schoulbicher aus dem Fondamental ginn awer däitlech méi Jongen a Männer duergestallt wéi Meedercher a Fraen.

D’Fuerscherinnen hunn awer net nëmmen d’Unzuel vun de Personnagen ënnersicht, mä si hunn och festgestallt, “dass an der Sphère domestique, also am Haushalt, bal ëmmer méi Fraen duergestallt gi wéi Männer. An dass an de Beruffer vill méi Männer duergestallt sinn. Dat heescht, déi hunn am Fong och vill méi eng Vilfalt vu Beruffer, wou se duergestallt sinn. Dat heescht, Frae sinn a manner Beruffer representéiert wéi Männer”, erkläert d’Sylvie Kerger.

An och bei den Texter an de Liesbicher vun de Kanner géing een e groussen Ënnerscheed gesinn. “Zum Beispill am Däitschen hu mer do festgestallt, dass méi wéi duebel sou vill Texter vu männlechen Auteuren an deene Bicher virkommen. An am Lëtzebuergeschen ass et souguer nach méi grouss, do ass et souguer méi wéi sechsmol sou vill Texter vu männlechen, wéi vu weiblechen Auteuren.”

Dass d’Representatioun en Impakt op d’Kanner huet, wier och schonn an Etüde gewise ginn, seet och d’Fuerscherin Sylvie Kerger.

“Wann et zum Beispill lauter Pilote sinn, da kann ech mer net sou gutt virstellen, als Meedchen, dass ech dee Beruff och ka maachen. Ëmgedréit ass et awer och deen anere Fall, dat heescht de Beruff vum Enseignant oder der Enseignante, déi si méi dacks duergestallt vu Fraen, sou dass och do d’Jonge sech net sou gutt kënne virstellen, dee Beruff ze maachen. Et ass d’selwecht wéi mat der Sekretärin, déi méi dacks virkënnt, oder mat der Infirmière, déi och méi dacks virkënnt.”

An der Etüd hätt een och drop opgepasst, ob thematiséiert gouf, datt et eng Diversitéit bei de Geschlechter gëtt.

“Wou mer elo gesinn hunn, dass an de Science-Bicher zum Beispill, dass dat iwwerschafft gouf. Dat heescht do, wou d’Geschlechter virgestallt goufen, Jongen/Meedercher, Männer/Fraen, dass do och déi Thematik vum Intersex elo dran ass am Buch. Dat ass elo ganz nei zanter dësem Joer.”

Aner Forme vun Diversitéit wieren op där anerer Säit kaum ze fannen an de Schoulbicher. Et hätt ee quasi keng Personnage mat enger Behënnerung fonnt. Och Personnagen, déi net wäiss sinn, géinge vill manner dacks an de Schoulbicher virkommen, wéi an der Gesellschaft, a wa se virkéimen, wieren se meeschtens sou duergestallt, wéi wa se an engem anere Land géinge liewen.

Etüd soll eng Suite kréien

Dat Ganzt wier net iwwerraschend, ma elo hätt een e konkreet Resultat. D’Etüd vun der Uni Lëtzebuerg an dem Chancëgläichheetsministère soll dowéinst och eng Suite kréien, sou d’Taina Bofferding: “Do si mir och an enger ganz gudder Zesummenaarbecht mat der Educatioun. Si hu jo elo och esou e Leitfaden ausgeschafft, grad fir Leit an der Educatioun, d’Léierpersonal, awer och soss Leit, déi mat Kanner zesumme schaffen. Fir dass se sech eben un deem Leitfade kënnen orientéieren. Wéi ee soll dorop oppassen, wéi ee Material ee benotzt, och an der Sprooch, wéi do den Ëmgang mat de Kanner soll sinn.”

Doriwwer eraus géing een um Chancëgläichheetsministère zesumme mat de Fuerscherinnen en Atelier fir Jonker ausschaffen, fir si op d’Thematik ze sensibiliséieren, esou d’Taina Bofferding.

An neie Bicher géing och méi op d’Gläichstellung tëscht de Geschlechter opgepasst ginn. Aktuell ass et awer dem Léierpersonal iwwerlooss, ob a wéi d’Thema an der Klass ugeschwat gëtt.

“D’Franséischbuch, do war ech e Kand, wéi ech dat hat. Dat heescht, déi Thematik do gëtt relativ wéineg behandelt. Et ass schonn alles relativ stereotypesch an de Bicher. Et ergëtt sech einfach aus der Situatioun eraus, well hei d’Meedercher mat de Jonge spillen an do huet et sech am Fong erginn, mä an de Bicher hunn ech u sech relativ wéineg Sourcen”, erkläert den Enseignant Michel Delleré.

Dobäi sinn d’Kanner opgeschloss fir d’Thema. Net jidderee war domadder averstanen, zum Beispill am Text mat Stärchen ze genderen. Eens war ee sech awer, dass d’Schoulbicher d’Realitéit sollten erëmginn.

Claude Meisch: Et gëtt drop opgepasst, datt Schoulbicher keng Stereotyppe reproduzéieren

Esou reagéiert de Claude Meisch op eng rezent Etüd, déi weist, datt Jongen a Meedercher an de Schoulbicher ganz ënnerschiddlech duergestallt ginn.

Den Educatiounsministère géing dorop oppassen, datt d’Schoulbicher keng Stereotyppe reproduzéieren, ma et hätt een net ëmmer eng Handhab doriwwer, well eng Rei Bicher och aus dem Ausland géingen akaaft ginn. Dofir hätt een och e Leetfuedem mam Chancëgläichheetsministère ausgeschafft, op deen d’Enseignanten zréckgräife kënnen, esou den Educatiounsminister.

Fir ganz geziilt och do einfach der Realitéit vun haut Rechnung ze droen an net méi der Welt wéi se iergendwann eng Kéier war, wa se dann iwwerhaapt esou war. An dat musse mer natierlech och an eise Bicher kréien, sou dass mer d’Bild vu Männer a Fraen, d’Bild vu sexueller Orientéierung, déi Villfalt, déi mer an eiser Gesellschaft hunn, dass jiddereen eigentlech alles maache kann, datt mer dat och erëmfannen an eise Schoulmaterialien.

Back to Top
CIM LOGO