Plagiatsaffär ëm Ofschlossaarbecht vu Xavier Bettel
Op 96% vun de Säite vun der Ofschlossaarbecht gouf et ofgeschriwwen Elementer. Dat kritt de Premier no engem Exklusiv-Reportage vu Reporter.lu virgeworf.
No Recherche vum Noriichtemagasinn Reporter.lu, ass de Premier Xavier Bettel mat Plagiatsreprochen am grousse Stil konfrontéiert. De Concernéierte selwer gëtt an engem schrëftleche Statement zou, hie géif aus haiteger Siicht erkennen, datt een et vläicht hätt missen anescht maachen.
De Karl-Theodor zu Guttenberg ass zréckgetruede wéi bekannt gouf, datt den däitschen CSU-Minister et mat de Referenze fir seng Dokteraarbecht net sou genee geholl hat. Déi fréier däitsch Educatiouns- an Héichschoulministerin Annette Schavan och.
Zu Lëtzebuerg wiere bis elo wëssenschaftlech Aarbechte vu Politiker nëmme wéineg thematiséiert ginn, stellt Reporter fest. De Moien huet hiren Artikel awer scho fir vill Opreegung gesuergt. Well dat muss ee soen, d'Virwërf hu sech gewäsch. De Xavier Bettel hätt 1999 a sengem Memoire "Vers une réforme possible des modes de scrutin aux élections du Parlament Européen?", deen hien am Kader vu sengem Droit- a Politikstudium op der Uni zu Nanzeg geschriwwen huet, keng eenzeg Foussnott gesat a keng eenzeg Source korrekt uginn a Säite bei Aneren ofgeschriwwen.
Vu wëssenschaftleche Standarden kéint kaum Rieds goen, sou d'Onlineplattform, déi d'Ofschlossaarbecht analyséiert huet. Just op zwou vun den am ganze 56 Säite wiere keng geklauten Textpassagen ze fannen. Eng Foto, op där déi kopéiert Sätz rout ugestrach sinn, schwätzt fir sech.
Reporter.lu no, hätt de liberale Regierungschef, deen deemools scho politesch aktiv war an dat selwecht Joer an d'Chamber an an de Stater Gemengerot gewielt gouf, fir säin "Diplôme d'études approfondies"- dat wier haut e Master - säiteweis ganz Passagen ofgeschriwwen, zum Beispill vun Internetsitten, wéi dem Europaparlament. Den aktuelle Regierungschef hätt och ganz Iddien an Iwwerleeungen aus engem Rapport vun engem deemolege griichesche Europadeputéierten iwwerholl, deen ëffentlech zougänglech war. Dat ganzt ouni eng eenzeg Kéier d'Source ze nennen.
Politologen, mat deene Reporter geschwat huet, schwätze vun engem groussen Ausmooss vu Plagiat. Souwuel d'Form wéi och d'Qualitéit vun der Aarbecht géif net deem entspriechen, wat een hautdesdaags vun de Studente verlaangt, mengt de Nicolas Sauger vu Sciences Po Paräis. A fir d'Politologin vun der Uni Lëtzebuerg Anne-Lena Högenauer, déi d'Ofschlossaarbecht stéchprouwenaarteg analyséiert, ass et evident, datt een net säiteweis ofschreiwe kann, nëmme well een net opgepasst huet.
Reporter huet och mam sougenannten "Directeur de mémoire" vun der Uni zu Nanzeg geschwat, deen de Xavier Bettel also fir seng Aarbecht begleet huet. Den Etienne Criqui schléisst am Réckbléck Plagiat net aus an hëlt an engems awer säi fréiere Student, deen Zitat "eng Institutioun op der Uni" gewiescht wier, a Schutz. Deemools hätt een net déi selwecht informatesch Moyene gehat wéi haut, fir Copy-Paste an Ofschlossaarbechten z'entdecken. Haut wier ee méi streng wéi deemools, Studente géife méi enk betreit ginn. Dem Xavier Bettel seng Aarbecht hätt, Zitat eng "note tout à fait honorable" kritt.
An de Premier selwer, dee Reporter an der Virbereedung vum Artikel nach net zur Verfügung stoung, huet antëscht an engem schrëftleche Statement reagéiert. Hien hätt seng Aarbecht "no beschtem Wëssen a Gewëssen verfaasst". Misst awer "aus haiteger Siicht erkennen, dass een dat hätt kéinten, jo vläicht missten, aneschters maachen". Hie géif elo voll a ganz op d'Universitéit zu Nanzeg vertrauen, fir ze jugéieren op déi concernéiert Aarbecht den deemolege Krittären entsprécht. Falls dat net de Fall wier, géif ee selbstverständlech eng deementspriechend Decisioun akzeptéieren.
De Piratendeputéierte Sven Clement gesäit an deenen Erklärungen en Oflenkungsmanöver wéi en op Twitter schreift. Eng Äntwert op eis Fro ob d'Uni no de Revelatioune vun e Méindeg d'Ofschlossaarbecht vum Premier nach emol nei evaluéiert, soll am Laf vum Dag kommen. Dat krut RTL op Nofro zu Nanzeg gesot.