Op 96% vun de Säite vun der Ofschlossaarbecht gouf et ofgeschriwwen Elementer. Op dës Problematik reagéiere Politiker vu Majoritéit an Oppositioun.

No de Plagiatsvirwërf an der Ofschlossaarbecht vum Premier Minister ginn d’Reaktioune vun de Politiker vun "a Fro stelle vum Premier senger Aarbechtsweis generell", bis hin zu "mer mussen elo ofwaarden", oder "mer sti voll a ganz hannert him".

Hien huet seng Masteraarbecht net am Kader vu sengem Premierministerposte gemaach, dofir géing ee sech schwéier doen, dat ze jugéieren, oder eng Fuerderung ze stellen, seet d’Deputéiert vun déi Lénk Nathalie Oberweis. Ma de Fall géing awer eng Partie Froen opwerfen: Notamment wéi hie generell mat wëssenschaftleche Methode schafft, dat an enger Zäit, wou ee misst géint Desinformatioun virgoen. Doriwwer eraus géing sech d’Fro stellen, wéi hie mat aneren zesummeschafft. "Respektéieren ech engem seng Aarbecht, wann ech déi net emol zitéieren", freet d’Nathalie Oberweis.

Et wiere grave Virwërf, mä ier ee reagéiert, wéilt een ofwaarden, wat d’Uni Nanzeg seet, sou d’CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen. Fir d’éischt misst jo mol eng wëssenschaftlech Analyse gemaach ginn. Änlech zréckhalend Téin ginn et vum Fernand Kartheiser vun der ADR. Et däerft kee virverurteelt ginn a bis alles gepréift wier, géing d’Onscholdsvermutung gëllen. Lo wier et un der Uni ze préiwen, wat un de Virwërf drun ass. Am Fall, wou e Minister géing erwëscht ginn, Plagiat gemaach ze hunn, misst dësen awer seng Konsequenzen zéien, sou de Fernand Kartheiser.

De Sven Clement vun de Piraten fënnt dann, dat déi Leit, déi en Ofschloss gemaach hunn, hei fir domm verkaaft ginn. Hien hätt sech géint e Master entscheet, wëll hien net déi Zäit hat, fir dat uerdentlech ze maachen. "Wann een da fir en Diplom, deen een net gebraucht huet, scho muss léien a beducksen, da sprécht dat ganz vill fir de Charakter", sou de Clement. Mä et wier symptomatesch fir de Premier, dee sech net géing ëm Detailaarbecht këmmeren. De Sven Clement äussert keng direkt Recktrëttsfuerderung, mä de Xavier Bettel kéint jo soen, dat en net méi untrëtt. E gréisseren Debat zum Sujet wier néideg, sou de Sven Clement nach.

De Premier hätt jo selwer gesot, dat seng Aarbecht den haitege Standarde vun enger wëssenschaftlecher Aarbecht net méi géingen entspriechen. Dofir wier et elo un der Universitéit vun Nanzeg, fir haut d’Aarbecht vun deemools ze jugéieren, seet d’Djuna Bernard vun Déi Gréng. De Xavier Bettel hätt déi Aarbecht 14 Joer, ier hie Premier ginn ass, geschriwwen. Souguer wann den Diplom géing annuléiert ginn, géing dat fir Déi Gréng näischt um politesche Mandat vum Xavier Bettel änneren, sou d’Djuna Bernard. Et géing ee voll a ganz hannert dësem stoen.

D’Corinne Cahen an de Gilles Baum vun der DP äussere sech dann net weider zum Sujet. De Premier hätt jo reagéiert. An der LSAP-Fraktioun war keen ze erreechen, dee wollt Stellung huelen.

Och an den däitsche Medien, ënner anerem an der Süddeutsche, der FAZ, dem Spiegel an der Zeit, gouf de Sujet opgeholl. An den Artikelen heescht et, dass de Premier géing ënner Drock stoen an d'Fro vun engem Récktrëtt gëtt gestallt

Reaktiounen op Bettel-Plagiat-Virworf / Diana Hoffmann