Luxorr-Direkter"Eng wëssenschaftlech Aarbecht ouni Foussnotten ass absolutt net nozevollzéien"

RTL Lëtzebuerg
Dat seet den Direkter vu Luxorr, eng Associatioun, déi sech ëm d'Droits d'auteur këmmert, am Kontext vun der Plagiatsaffär ëm de Xavier Bettel.

D’Claude Zeimetz huet mam Romain Jeblick geschwat an hie gesäit dem Staatsminister seng Credibilitéit um Spill, mä an éischter Linn de Feeler bei der Uni.

De Romain Jeblick iwwer Plagiatsaffaire/Claude Zeimetz

Wëssenschaft a wëssenschaftlech Aarbecht si kloer definéiert, betount den Direkter vun der Lëtzebuerger Societéit fir d’Propriété intellectuelle

“Ee Critère vun der wëssenschaftlecher Aarbecht ass d’Éierlechkeet. An d’Éierlechkeet besteet dodran, wann ech e Gedanken formuléieren, fir ze soen, ob e vu mir ass oder ob e vun engem Aneren ass oder ob mäi Gedanken op der Basis vun engem Aneren entstanen ass.”

A wann dat de Fall ass, da misst dee Gedanken kloer esou gekennzeechent ginn. Richteg zitéiere géif ee scho ganz fréi am Studium léieren. Zitatrecht wier och absolut näischt neits, mä en Grondprinzip fir wëssenschaftlecht Schaffen

“Et ass einfach net novollzéibar, wann e seet “ech hunn dat no beschtem Wëssen a Gewësse gemaach”. Dat kann net sinn. Ech gleewen him dat och nach. Mä dann huet en net richteg verstan. Dat war dann net ganz intelligent. Dann ass et um Professer ze soen, well och mat 26 Joer mécht ee Feeler. Da wier et um Professer gewiescht fir ze soen, sou geet et net.”

An deem Sënn gesäit de Romain Jeblick den eigentleche Problem bei der Uni Nanzeg an den deemolegen Directeur de mémoire. D’Argument, et hätt ee virun 20 Joer keng Computertechnik gehat, fir Plagiat z’entdecken wier keent.

“Dat do ass keng. Fir ze soen, dat geet net. A wat ech och nach wollt soen. Bei enger wëssenschaftlecher Aarbecht ass et de Prérequis, datt ee sech op Anerer berifft. Een, dee mol net Spezialist ass, hätt misse soen, firwat ass op Säite keng eng Foussnote. ‘t ass net novollzéibar. Also, et ass bal kafkaesque.”

Den zoustännege Professer huet d’Reproche bis elo an der Press erofgespillt. D’Uni huet eng Enquête iwwert d’Aarbecht lancéiert, ma d’Credibiliéit vum Premier Xavier Bettel stéing elo schonn um Spill, wa jonke Studenten d’Bild vermëttelt gëtt. Zitéiere wier net sou wichteg.

Allgemeng misst awer och d’Gesellschaft vill méi op d’Thema vun der intellektueller Proprietéit sensibiliséiert ginn, och fir Plagiatsfäll an Zukunft ze verhënneren.

“Hien ass net deen eenzege Fall. Et ass eng Tendenz. Déi Copypaste-Mentalitéit ass do. A mir mussen do no Solutiounen sichen. Gemeinsam. An dat feelt bis elo.” Sou d’Aschätzung vum Auteur a Spezialist vun den Droits d’auteur.

Reporter.lu hat dës Woch gemellt, de Premier hätt grouss Deeler vun senger Ofschlossaarbecht am Kader vun engem DEA op der Uni Nanzeg ofgeschriwwen, ouni d’Quellen ze zitéieren. De Reproche gouf vun onofhängege Politologen confirméiert.

Wëssenschaftlech Aarbecht ouni Foussnotten net nozevollzéien
Dat seet den Direkter vu Luxorr, eng Associatioun, déi sech ëm d’Droits d’auteur këmmert, am Kontext vun der Plagiatsaffär ëm de Xavier Bettel.

Back to Top
CIM LOGO