Zu Ettelbréck stellt ee sech op ustrengend Méint an. Um Freideg sinn 14 vu 16 Intensivbetter beluecht. Dovunner si 5 Covid-Patienten.

Op der Marche Blanche hunn d'Leit e Freideg den Owend nees Fräiheet a Solidaritéit gefuerdert, fir d'Dignitéit an d'Mënscherechter. De selwechten Dag preparéiert ee sech am Ettelbrécker Spidol op e weidere Covid-Wanter. Wärend d'Manifestante „Fräiheet“ ruffen, hänken op der Rea-Statioun am Centre Hospitalier du Nord nees eng Rei Covid-Patienten u Beotmungsmaschinnen.

Ettelbrécker Spidol kämpft géint Covid

D'Situatioun wier net méi sou chaotesch wéi um Ufank vun der Pandemie, ma awer rechent een am Ettelbrécker Spidol och dëse Wanter nees mat genuch Covidpatienten. D''Infirmierspersonal stellt sech op ustrengend Méint an, esou de Christophe Dohm, Infirmier anesthesiste:

"Et ass déi véiert Well, et gëtt deen zweete ganze Wanter, deem mir an d'Gesiicht kucken. Et ass November, et kann een dovun ausgoen, dass wa mer Pech hunn, déi Well bis Mäerz unhält. Déi Aarbecht ass extrem belaaschtend. D'Leit soen ëmmer, dat wier eise Beruff. Mir sinn och gär bereet, deen ze maachen, mä et dierf een net vergiessen, dass mir e Surplus maachen."

Op dësem Freide si scho 14 vu 16 Intensivbetter besat. 5 vun dëse Better si vun Covid-Patiente beluecht. Wann nach Covid-Patienten dobäi kéime, géing et enk ginn, erkläert den Anästhesist Thomas Manderscheid.

"Da si mir séier an der Situatioun, dass mi net méi weider kommen an eis normal Aarbecht net méi kënne maachen. No verschidden Operatioune mussen d'Leit op d'Intensivstatioune geluecht ginn, an natierlech kann et och ëmmer Komplikatioune ginn. Et ass kee schéint Gefill, wann Dir musst schaffen an Dir hutt keen Intensivbett."

Den Thomas Manderscheid kann d'Marche Blanche an hir Fuerderung no Solidaritéit net verstoen:

"Ech fannen dat maximal onsolidaresch mat eisem Personal, mat deem wat mir hei un Aarbecht geleescht hunn zanter 18 Méint an och nach leeschte wäerten. Mir hunn extrem Belaaschtunge bei den Infirmiere festgestallt, physesch a psychesch.  Wann ech da Leit gesi fir Solidaritéit demonstréieren, froen ech mech fir wéi eng Solidaritéit. Fir hier eege Solidaritéit, awer net fir d'Bevëlkerung."

Präventiv confinéiert d'Ettelbrécker Spidol och eng Partie vun enger anerer Statioun mat 12 Better, fir Covid-Patienten, déi net mussen intubéiert ginn.