Et war schonn déi 5. Kéier, dass um Freideg den Owend Leit a wäisser Kleedung sech virun der Philharmonie getraff a Fräiheet gefuerdert hunn.

Der Police no waren dës Kéier tëscht 2.000 an 2.500 Leit op der Marche Blanche dobäi. Wéi déi lescht Kéieren och, gouf op der Marche Blanche Silencieuse no "Fräiheet" geruff.

Lass goung et um 19 Auer virun der Philharmonie. A wäisser Kleedung mat Ballonen a Lampione sinn d'Leit du bis op de Knuedler getrëppelt.

Fir eng éischte Kéier haten d'Organisateuren am Virfeld en offizielle Communiqué geschéckt, wou se hir Beweeggrënn erkläert hunn. Méi Detailer fannt Dir hei.

D'Marche Blanche gouf als Manifestatioun bei der Stad Lëtzebuerg ugemellt a gouf och autoriséiert. Dat huet d'Stad Lëtzebuerg confirméiert. Encadréiert gouf d'Marche Blanche da vun der Police. Dës huet och am Virfeld an engem Schrëftleche Statement matgedeelt, dass d'Mask op esou enger Manifestatioun obligatoresch ass. D'Police huet an deem Kontext e Freideg den Owend präziséiert, dass bei Verstéiss géint d'Maskeflicht e Rapport un d'Santé ka geschriwwe ginn.

Interview mat engem Organisateur

RTL

© Domingos Oliveira

Laang hu sech d'Organisateure vun der Marche Blanche net z'erkenne ginn. Fir déi 5. Marche Blanche den Owend gouf fir déi éischte Kéier e Pressecommuniqué geschéckt, wou awer keng Nimm erauszeliese waren. Op Nofro hin, huet sech kuerzfristeg ee vun den Haaptacteuren vun der Marche Blanche fir en Interview bereet erkläert, dee sech no baussen betount conciliant gëtt.

Marche Blanche Silencieuse / Reportage Monica Camposeo

Am Communiqué ass ëmmer ärem ze liesen, dass -Zitat - "ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskriis" verschidde Rechter géinge verletzt ginn. Dass mir den Ament an enger weltwäiter Pandemie sinn, bestreit de Ben Moubamba net, ee vun den Haaptacteure vun der Marche. An erkläert d’Formulatioun vum Communiqué esou:

De Pretext ass eng Formule, déi d’Regierungen an d’Autoritéite soll drun erënneren, dass si net kënnen eppes maachen, ouni jidderee mat anzebezéien. Well et ass dat wat d’Charte vun de fundamentale Rechter vun der europäescher Unioun seet.

Op dës Charte géing sech d’Marche Blanche Silencieuse stäipen.

Weider Recherchen hunn erginn, dass de Ben Moubamba a sengem Heemeschtsland Gabun Vize-Premier-Minister war an da wéinst engem Litige aus der Politik ausgeschloss gouf. Eegenen Aussoen no ass hien am Gabun nach ëmmer vill politesch aktiv. Den Ament ass hie Resident hei am Land.

Säin Engagement bei der Marche Blanche Silencieuse wier fir d’Fräiheet, sech impfen ze loossen oder och net. Sengem Jong huet hien esou geäntwert:

"Ech, däi Papp, wäert mech net impfe loossen. Och wann s du mech e Verschwörungstheoretiker nenns, wat ech net sinn. Ech wäert Tester maachen, och PCR-Tester an de CovidCheck maachen. Mä erlab et mir, dass ech mech net impfe loossen. Deng Mamm ass geimpft, deng Geschwëster an du och, mä dir kënnt mech net zwéngen, mech impfen ze loossen. An dat heescht och zesummeliewen."

Dass bei der Marche Blanche awer och Leit matginn, déi ofstreiden, dass et eng Pandemie gëtt oder dass d’Personal an de Spideeler däitlech méi iwwerlaascht ass wéi soss, misst een hinhuelen an informéieren.

"Et ass och meng Aufgab, d'Espriten ze forméieren an hinnen ze soen, passt op, dat doten ass menger Meenung no richteg an dat doten net. Als Intellektuellen ass dat mäi Devoir a meng Flicht, dat ze maachen. Mä op der Marche Blanche Silencieuse gi mir net géint d'Gesetzer oder d'Reglementer."

Als Argument sot de Ben Moubamba, dass et kee Gesetz géint Verschwörungstheorie gëtt. Wee genee nach zu den Acteure vun der Marche Blanche Silencieuse gehéiert, bleift onkloer. Esou wéi och wéi eng verschidde Stréimungen, ënnert de Leit déi matginn, vertruede sinn.

Ausserdeem huet de Ben Moubamba nach preziséiert, dass den Numm och näischt mam Mouvement aus der Belsch ze dinn hätt, deen och Marche Blanche heescht a vun den Eltere vun den Affer vum Marc Dutroux an de 90er Joren an d’Liewe geruff gouf.