De Staatsminister huet wärend der Pressekonferenz um Freideg och op d'Plagiatsaffär an op d'Resultater vum Politmonitor reagéiert.

Plagiatsaffär: Memoire war kee Glanzstéck

"Mäi Memoire, fir den DEA ze kréien, war kee Glanzstéck, dës Aarbecht war net gutt - ech sinn net houfreg drop. Getrickst oder gefuddelt hunn ech awer net," dat sot de Staatsminister Xavier Bettel an enger éischter Reaktioun am Public no de Plagiatsreprochen, déi géint hie lancéiert goufen.

De Premier bedauert et, datt duerch déi ganz Copy-Paste-Affär och d'Politik u Credibilitéit agebéisst hätt. Et wier lo un der Uni vu Nanzeg ze kontrolléieren, ob d'Aarbecht d'wëssenschaftlech Critèren nach erfëllt, also ob se nach Bestand huet oder zeréckgezunn an oferkannt gëtt.

Politmonitor: Regierung huet Vertrauen an Zoustëmmung vu Politik

Op dat schlecht Resultater am Politmonitor ugeschwat, seet de Xavier Bettel, datt d'Regierung duerchaus d'Vertrauen an d'Zoustëmmung vun der Populatioun nach hätt. Datt d'Leit es leed wieren, no all de Méint vu Restriktiounen, versteet den DP-Staatsminister.