Bei der Aktioun "Zuch vun der Demokratie" treffe sech Schüler am Alter tëscht 8 an 10 Joer mat Deputéierten, fir iwwer Kannerrechter ze diskutéieren.

Den Zentrum fir Politesch Bildung, de Kannerbüro vu Wolz an d'Chamber organiséieren dës Entrevue zanter véier Joer am Kader vum internationalen Dag vun de Kannerrechter.

E Freideg haten duerfir d'Kanner an der Chamber d'Soen an d'Politiker hunn hinnen nogelauschtert. Siwe Klassen aus dem ganze Land, am ganzen 90 Kanner waren op der Aarbechtsvisitt am Parlament. A Gruppe souzen d'Klasse mat den Deputéierten zesummen. Si hate sech ganz ënnerschiddlech Themen erausgesicht, fir déi da mat de Politiker ze diskutéieren. D'Theme gounge vu Sécherheet am Alldag, iwwer Droge bis hin zu Kricher a Flüchtlingen.

Um Enn hunn d'Schüler hier Erwaardungen an Conclusiounen der ganzer Plenière virgedroen.