D'Regierung mécht de Gemengen eng Géigepropos
© Jeannot Ries / RTL
Regierung kënnt Nordstad-Gemengen entgéint. Dës kréien awer just hallef sou vill Hëllefe wéi gefrot.
Wéi geet et weider am Dossier Nordstad-Fusioun? 5.000 Euro pro Awunner verlaangen déi fënnef Gemengen. D‘Regierung huet de Gemengen e Freideg eng Géigepropos ënnerbreet.D‘Gemenge kréichen do zwar just hallef sou vill wéi se gefrot hunn, awer duebel souvill wéi den normale Verdeelungsschlëssel et virgesäit.Ettelbréck, Dikrech, Bettenduerf, Ierpeldeng a Schieren kréien am ganze ronn 60 Milliounen Euro proposéiert.
D'Inneministesch Taina Bofferding sot dozou: "Et ass trotzdeem dat duebelt, wéi dat, wat se iwwer den haitege Berechnungsmechnismus kriten. Do wieren et 30 Milliounen Euro gewiescht. Mir waren eis an der Regierung eens, datt mer hannert där Nordstad-Fusioun stinn an datt mer deen Entwécklungspol wëllen. Dofir hu mer dee Subside carrement verduebelt."Dem normale Berechnungsmechanismus no kritt eng Gemeng 2200 Euro pro Awunner bis 2000 Leit. Dono sinn et 1000 Euro bis 5000 Awunner. Am Fall vun enger Fusioun kréichen déi fënnef pro Joer iwwerdeems 25 Prozent méi aus dem Gemengendëppen, wéi wann d‘Gemengen eenzel weider bestinn.An enger Entrevue e Freideg hätten d'Vertrieder vun de fënnef Gemenge mol net negativ op déi Propos reagéiert, sou d'Inneministesch Taina Bofferding.En Diskussiounspunkt war jo nach déi nei CGDIS-Kasär fir d‘Nordstad. En éischten Terrain um Fridhaff war vum Ëmweltministère verworf ginn. Lo gouf en neie Site fonnt, och um Fridhaff, tëscht der Tankstell an dem Waassertuerm.Datt d‘Nordstad-Fusioun nach fir déi nächst Gemengewale Realitéit kéint ginn, gëtt ëmmer manner warscheinlech. Ëmmerhi musse bis dohin d‘Bierger aus de fënnef Gemenge via Referendum gefrot ginn, ob si eng Fusioun wëllen.
Hei de Communiqué vum Inneministère
Le Gouvernement en conseil a décidé de l’accompagnement financier de la future « Nordstad »
La fusion dite « Nordstad » et l’enveloppe financière afférente ont été à l’ordre du jour du conseil de gouvernement de ce jour. En octobre 2020, le gouvernement avait décidé d’augmenter l’accompagnement financier pour une fusion : une aide spéciale à hauteur de 2.200 € par habitant serait versée jusqu’au 2.000ème habitant et de 1.000 € par habitant jusqu’au 5.000ème habitant. Dès lors, le montant maximal par commune se chiffrerait à 7,4 millions d’euros. Pour les cinq communes concernées par la fusion « Nordstad », à savoir Bettendorf, Diekirch, Erpeldange-sur-Sûre, Ettelbruck et Schieren, le montant total aurait été de l’ordre de 29,427 millions d’euros.
La ministre de l’Intérieur a proposé de doubler le montant de 29,427 millions d’euros pour parvenir à une aide spéciale à hauteur de 58,854 millions d’euros. Cette approche se justifie par de multiples raisons : d’un point de vue de l’aménagement du territoire, le gouvernement souhaite faire de la future Nordstad le 3ème pôle d’attractivité du Grand-Duché, à côté de ceux de Luxembourg-Ville et d’Esch. Par ailleurs, de par son envergure, la fusion « Nordstad » est exceptionnelle, considérant qu’il s’agit d’une fusion de cinq communes.
Les cinq communes concernées avaient formulé une demande pour obtenir une aide spéciale à hauteur de 5.000 € par tête d’habitant. Toutefois, ce montant, largement supérieur à celui de l’accompagnement financier décidé en 2020, n’est pas justifié lorsqu’on le compare aux aides attribuées aux fusions précédentes. Par ailleurs, à côté de l’aide financière, le gouvernement continuera de soutenir les grands projets de la Nordstad, soutien qu’il offre d’ores et déjà dans une panoplie de projets divers, en vue de son développement. Taina Bofferding a rappelé « qu’il ne fallait pas réduire une fusion à des considérations financières, mais recentrer la discussion autour d’une vision commune de et pour la Nordstad ».
Ainsi, le montant décidé en ce jour correspond pour moitié à ce que les cinq communes ont souhaité et au double de ce qui a été alloué jusqu’aujourd’hui, afin de prendre en compte le caractère exceptionnel de cette fusion inédite.
Plus encore, il y a lieu de relever qu’un terrain a enfin pu être trouvé au lieu-dit Fridhaff pour la construction du Centre d’incendie et de secours régional « Nordstad », et ceci grâce à la collaboration étroite entre les acteurs concernés : les ministères de l’Aménagement du territoire, de l’Environnement et de l’Intérieur, certaines administrations étatiques et le CGDIS qui en sera le maître d’ouvrage.
Der Ministerrat beschloss die finanzielle Unterstützung für die künftige “Nordstad”
Die sogenannte "Nordstad"-Fusion und der damit verbundene Finanzrahmen standen heute auf der Tagesordnung des Ministerrats. Im Oktober 2020 hatte die Regierung beschlossen, die finanzielle Unterstützung für eine Fusion zu erhöhen: Bis zum 2.000. Einwohner sollte eine Sonderbeihilfe in Höhe von 2.200 € pro Einwohner und bis zum 5.000. Einwohner in Höhe von 1.000 € pro Einwohner gezahlt werden. Somit würde sich der Höchstbetrag pro Gemeinde auf 7,4 Millionen Euro belaufen. Für die fünf von der Fusion "Nordstad" betroffenen Gemeinden Bettendorf, Diekirch, Erpeldingen, Ettelbrück und Schieren hätte der Gesamtbetrag 29,427 Millionen Euro ausgemacht.
Die Ministerin für Inneres schlug nun vor, den Betrag von 29,427 Millionen Euro zu verdoppeln und so eine Sonderbeihilfe in Höhe von 58,854 Millionen Euro zu erlauben. Dieser Ansatz rechtfertigt sich aus mehreren Gründen: Aus raumplanerischer Sicht möchte die Regierung die künftige Nordstad neben Luxemburg-Stadt und Esch zum dritten Attraktivitätspol des Grossherzogtums machen. Darüber hinaus ist die Fusion "Nordstad" aufgrund ihres Umfangs außergewöhnlich, da es sich um eine Fusion von fünf Gemeinden handelt.
Die fünf betroffenen Gemeinden hatten einen Antrag auf eine finanzielle Unterstützung in Höhe von 5.000 € pro Einwohner gestellt. Dieser Betrag, der weit über dem der 2020 beschlossenen finanziellen Begleitung liegt, ist jedoch nicht zu rechtfertigen, wenn man ihn mit den bisherigen Hilfen vergleicht, die bei früheren Fusionen gewährt wurden. Darüber hinaus wird die Regierung neben der finanziellen Unterstützung auch weiterhin große Projekte in der Nordstad fördern, genau wie sie bereits jetzt eine Vielzahl von Projekten zur Entwicklung der Region unterstützt. Taina Bofferding erinnerte daran, dass "eine Fusion nicht auf finanzielle Fragen reduziert werden sollte, sondern die Diskussion auf eine gemeinsame Vision von und für die Nordstad ausgerichtet werden muss".
So entspricht der heute beschlossene Betrag der Hälfte dessen, was die fünf Gemeinden gewünscht hatten, und dem Doppelten des ursprünglichen Betrags, um dem außergewöhnlichen Charakter dieser nie dagewesenen Fusion Rechnung zu tragen.
Zusätzlich hervorzuheben ist, dass endlich ein Grundstück am “Fridhaff” für den Bau des regionalen Feuerwehr- und Rettungszentrums (CIS) "Nordstad" gefunden werden konnte, und zwar dank der engen Zusammenarbeit zwischen den betroffenen Akteuren: den Ministerien für Raumentwicklung, Umwelt und Inneres, mehreren staatlichen Verwaltungen und dem CGDIS, der als Bauherr fungieren wird. De Ministerrot hëlt eng Décisioun zur finanzieller Begleedung vun der zukünfteger Nordstad
Am Ministerrot vun haut gouf sech ë.a. mat der Nordstad-Fusioun befaasst a mat der finanzieller Enveloppe dofir. Am Oktober 2020 hat d’Regierung festgehalen, dass d’finanziell Hëllef bei enger Fusioun géif eropgesat ginn, op eng Aide spéciale vun 2.200 € pro Awunner bis 2.000 Awunner a vun 1.000 € pro Awunner bis 5.000 Awunner; deemno géif sech de maximale Montant pro Gemeng op 7,4 Milliounen € belafen. Fir déi 5 concernéiert Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldéng un der Sauer a Schiren wär een, ënnert dem Stréch, op 29,427 Milliounen € komm.
D’Inneministesch huet elo proposéiert, dee Montant vun 29,427 ze verduebelen, fir op eng Aide spéciale vun 58,854 Milliounen € ze kommen. Zu dëser Entscheedung koum et aus e puer Grënn: Aus landesplanerescher Siicht wëll d’Regierung aus der zukünfteger Nordstad den 3. Attraktivitéitspol vum Grand-Duché maachen, nieft der Stad an Esch. Donieft wär d’Nordstad-Fusioun aussergewéinlech vun hirer Envergure hier, well et sech ëm eng Fusioun vu 5 Gemengen handelt.
Déi 5 Gemengen hate gefrot, eng Aide spéciale an Héicht vu 5.000 € pro Awunner ze kréien. Dee Montant, dee wäit iwwert der finanzieller Hëllef loung, déi zejoert décidéiert gouf, ass net justifizéiert, wann een e vergläicht mat deem, wat bei viregte Fusiounen u finanziellen Hëllefe gefloss ass. Doriwwer eraus wäert d’Regierung, nieft där finanzieller Hëllef, weider grouss Projete vun der Nordstad ënnerstëtzen, sou wéi si dat ewell bei enger ganzer Rëtsch vu Projeten en vue vun der Entwécklung vun der Nordstad gemaach huet. D’Taina Bofferding huet drop higewisen, “dass een eng Fusioun net op finanziell Considératioune reduzéieren, mä d’Diskussioun nees op d’gemeinsam Visioun vun a fir d’Nordstad konzentréiere sollt.”
De Montant, deen haut festgehale gouf, entsprécht also knapp der Halschent vun deem, wat déi 5 Gemenge wollten, an dem Duebele vun deem, wat bis elo Usus war, dat fir dem aussergewéinleche Charakter vun dëser Fusioun Rechnung ze droen.
Zu gudder Lescht sief nach ernimmt, dass endlech en Terrain um Fridhaff konnt fonnt gi fir de Bau vum Centre d’incendie et de secours régional Nordstad, an zwar duerch d’enk Zesummenaarbecht vu verschiddenen Acteuren: de Ministèrë vum Aménagement du territoire, vun der Ëmwelt a vum Intérieur, verschiddene staatleche Verwaltungen an dem CGDIS, deen de Bauhär wäert sinn. |