D'Journalistenassociatioun ALJP kritiséiert an engem Communiqué e Sonndeg de Moien d'Verhale vum ADR-Deputéierten Roy Reding op d'Schäerfst.

De Roy Reding hat eng Mail mat der Büros- an der Handynummer vun engem Tageblatt-Journalist an enger Grupp vun Impfskeptiker gedeelt, wouropshin de Journalist Messagen an Dreeunge krut a probéiert gouf, hien anzeschüchteren. D'Tageblatt hat juristesch Schrëtt net ausgeschloss.

D'ALJP ënnerstëtzt dat a fuerdert d'Politik op, esou e Verhalen net ze toleréieren.